
Déi zwee jonk Kegelrobben, déi ouni Mamm opwuesse mussen, wieren déi éischt “Heuler”, déi dës Saison an der Séihondstatioun zu Friedrichskoog an den nächste Wochen opgepäppelt ginn. No enger 14 Deeg laanger Quarantän hätten de Rudi an d’Renate dann e Mëttwoch an den Opzuchtberäich vun der Statioun kënne gelooss ginn.
Déi zwee jonk Robben wieren eréischt e puer Deeg al gewiescht, wéi se zu Helgoland fonnt goufen. De Rudi wier souguer nach mat der “Nuebelschnouer ukomm”. Si wäerte lo zwee bis dräi Méint an der Statioun verbréngen, fir sech dat Gewiicht unzefriessen, dat se am Fräien no der “Säugezäit” hätten. Bei weiblechen Déiere wier dat op d’mannst 35 Kilo, bei Männche bis zu 50 Kilo.
Bis si rëm an d’fräi Natur dierfen, misste de Rudi an d’Renate léieren, selbstänneg Fësch ze friessen. Dofir géifen hinne verschidde Fëschaarten ugebueden ginn. Kegelrobbe ginn am Géigesaz zu Séihënn matten am Wanter gebuer. Dat extreem dicht, wäisst Fell schützt den Nowuess an den éischte Liewenswoche viru Keelt a Wand.