
E Juegdpiechter huet misse geruff ginn, deen zesumme mat anere Foussgänger d’Déier agefaangen a bei engem Biotop nees fräi gelooss huet.
Beim Déier handelt et sech ëm e sougenannten “Nestling” vun dësem Joer, dee vun Hand opgezu gi war an deemno zam ass. Hie hat sech en Donneschdeg an der Mëttesstonn direkt virun en Agank vun der Spillschoul placéiert an net méi geréckelt.