En neit Online-Kräizwuerträtsel ganz op Lëtzebuergesch
All Woch presentéiere mir Iech e frëscht Rätsel - donneschdes online op RTL.lu.
Loscht op en neit Online-Kräizwuerträtsel (KWR) integral op Lëtzebuergesch? Voilà!
Dir wëllt d'Rätsel maachen? Klickt hei an Dir gesitt et grouss um Computer, Smartphone, Tablet ...
Zesumme mam Linguist Jérôme Lulling hat RTL Iech am Summer 2016 4 Woche laang ëmmer donneschdes e KWR proposéiert, dat Dir gemittlech op Ärem Smartphone, Tablet oder Laptop léise konnt. Dat ass esou gutt ukomm gewiescht, datt mir weidergefuer sinn.
Test Äert Wëssen a Beräicher wéi Kultur, Sport, Politik, Geschicht, Theologie, Geographie oder Philosophie. Mä och Froen iwwert eis Sprooch gëllt et ze léisen.
Dat alleréischt Kräizwuerträtsel gouf iwwregens 1913 an der amerikanescher Zeitung New York World publizéiert. 1969 huet dunn de Maître Capello déi éischt "Mots fléchés" (Schwederätsel) op Franséisch erausbruecht. An zënter 2016 gëtt et da lo och komplett Online-Kräizwuerträtsel op Lëtzebuergesch - elo online an op Pabeier :-)
Mir wënschen alle Leit dobaussen, déi matspillen, vill Spaass!
Merci soe mer dem Linguist Jérôme Lulling, deen et mat senger Wierder-Datebank méiglech gemaach huet, datt dës Online-Kräizwuerträtselen entwéckelt konnte ginn.