Sponsored ContentBréngt Magie an Är Kaffispaus

RTL Lëtzebuerg

Wie seet, datt een nëmme Kaffi wärend der Kaffispaus däerf drénken? An der Bäckerei Fischer kritt Dir dëst onëmgänglecht waarmt Gedrénks a ville Varianten, déi Är Sënner verwinne wäerten. Fir datt Är Degustatioun all Dag zu engem eenzegaartege Genossmoment gëtt!

Mat der Boun fänkt alles un

Wéi fillt Dir Iech haut? Hutt Dir éischter Loscht op Duussheet an Opmonterung oder op en Energiekick, fir Ären Dag suergefräi weiderzeféieren? Jee no Loscht a Laun bitt Iech d'Bäckerei Fischer zwou Bounenzorten un: d'„Lili“, en 100-prozentegen Arabica, deem säin Numm esou séiss ewéi säi Geschmaach am Mond ass, an de „Joé“, deen aus 80 % Arabica an 20 % Robusta besteet, fir e Maximum vun Intensitéit. Esou gëtt Ären Espresso oder Cappuccino zum beschte Begleeder vun Ärer Genosspaus!

E weltoppene Kaffi

Wann Dir an der Bäckerei Fischer e Kaffi bestellt, konsuméiert Dir verantwortungsbewosst, well en de Fairtrade-Label dréit. Et handelt sech dobäi ëm en unerkannten ethesche Label, deen de Produzenten esou wéi den Aarbechter méi gerecht Aarbechts- a Liewensbedingunge garantéiert. A well et eis eng Freed ass, jiddereen zefriddenzestellen, ob Dir laktosintolerant sidd oder einfach nëmme planzlech Produite bevirdeelegt, kënnt Dir d'Koumëllech an Ärem Café latte, Cappuccino oder Latte Macchiato duerch eng crèmeg Huewermëllech ersetzen.

Ëmmer méi Pleséier

Kennt Äre Pleséier keng Grenzen? Entscheet Iech fir eis Rezepter am XL-Format! En einfache Cappuccino oder e Cappuccino viennois, e Café latte, en einfache Latte macchiato oder e Latte macchiato, dee mat engem leckere Karamellscoulis verfeinert ass ... d'Auswiel am Groussformat ass riseg. Dat schéint Wieder ass endlech do a mat em kënnt eng Auswiel vu Frappéen. Wéi drénkt Dir Äre gär? Klassesch, Mokka, Mëllech, Schockela-Mëllech, Schockela-Huewermëllech oder Äerdbier-Huewermëllech? Dat Schwéierst wäert sinn, e Choix ze treffen!

D'Bäckereie mat eiser Kaffisgamm entdecken


Back to Top
CIM LOGO