
Opgrond vun der sanitärer Kris an de verschiddenen Lockdown Mesuren, goufen Délais’en an der Dir Är Steiererklärung musst ofginn, verlängert. Esou kënnt Dir d’Steiererklärung fir d’Joer 2019 nach bis den 31. Mäerz 2021 eraginn an déi vum leschte Joer, also 2020, kann bis zum 30. Juni 2021 eragereecht ginn.
Als bestuet oder gepacst Koppel kennt Dir Iech also och nach bis den 30. Juni entscheeden, op Dir am Steierjoer 2020 gären zesummen oder eenzel besteiert gitt.
Dir kënnt Iech entscheede fir:
D’Entscheedung fir eng gemeinsam oder individuell Besteierung muss unhand vun enger gemeinsamer Demande, déi vun den zwee Partner ënnerschriwwe ass, ugefrot ginn. Falls Dir keng esou eng Demande stellt, gitt Dir weiderhin zesummen an der Steierklass 2 besteiert.
Dëst kënnt Dir unhand vun engem Online Formular op www.guichet.lu oder awer och duerch d’Iwwermëttlung vun dëser spezieller Demande un dat zoustännegt Departement vun der Steierverwaltung maachen.
Elo wësst Dir awer ëmmer nach net, ob et finanziell fir Iech méi favorabel ass, Iech fir d’Eenzelbesteierung oder eng gemeinsam Besteierung ze entscheeden?
Den LCGB steet Iech zur Säit an kuckt zesumme mat Iech, wéi eng Optioun fir Iech besser ass. Donieft informéiert den LCGB och iwwert déi verschidde Fräibeträg an hëlleft senge Membere gratis beim Ausfëlle vun der Steiererklärung.
Weider Informatioune kritt Dir hei: https://lcgb.lu/assistance-en-vie-privee/services-fiscaux-du-lcgb