
Ass de richtegen Ament fir ze investéieren, soll ech op eng Baisse vun den Aktiemäert waarden, ass elo de Moment, fir meng Investitiounen auszebauen, oder ass et besser se ze verkafen, wéi a wouran investéieren...?
Kuerz gesot, ass et souwuel fir Ufänger, wéi och Experte schwéier, Entscheedungen eleng ze huelen an dobäi e kale Kapp ze behalen.
Et ass do wou e perséinleche Beroder, deen op Placementer spezialiséiert ass, Iech kann hëllefen, beroden a begleeden. Säin Zil ass net, Iech e speziellt Produkt ze verkafen.
Säin Zil ass villméi mat Iech eng kuerz-, mëttel an/oder laangfristeg Investitiounsstrategie auszeschaffen a Funktioun vun Äre Projeten (en Auto kafen, en Haus bauen oder Är Pensioun virbereeden), Ärem Investisseursprofil an den Onberechenbarkeete vum Marché a vum Liewen.
Fir d'éischt realiséiert e mat Iech eng Bestandsopnam vun Ären Ziler, Äre Besoinen, Ärem Investitiounshorizont an Ärem Risikoprofil, fir sécherzestellen, dass Är zukünfteg Placementer mat Ärem Investisseursprofil iwwerenee stëmmen.
Dës Informatioune si kruzial. Ob Dir éischter e "risikobereeten" Investisseursprofil hutt, mam Zil, e méiglechst héije Rendement ze realiséieren, oder ob Dir, am Géigendeel, éischter "konservativ" sidd, a manner riskant Investitiounen an doduerch och méi e bescheidene Rendement envisagéiert, Äre Beroder entwéckelt mat Iech eng personaliséiert Approche a passt sech IECH un.
-Dat ass déi 2. Etapp! E kann Iech hëllefen, Placementer auszewielen, déi Äre Besoinen entspriechen. Hie kann Iech verschidden Optioune fir Placementer, déi et um Marché ginn, virstellen an Iech d'Virdeeler, d'Nodeeler, d'Risiken, den erhoffte Rendement erklären an dëst alles an enger klorer, net ze vill technescher Sprooch.
-Ouni Beroder huet een d'Tendenz, net méi genuch u seng Placementer ze denken, se net auszewiesselen, esouguer wann een dëst misst maachen, oder Investitiounsgeleeënheeten ze verpassen. Dat ass ee vun de ville Virdeeler, déi Iech e perséinleche Beroder bitt.
Hie verfollegt Är Placementer, hir Echeancen, hir Entwécklung, stellt sécher, dass se ëmmer Äre Besoinen entspriechen an dass hire Risiko ëmmer Ärem Investisseursprofil ugepasst ass. Dir musst dofir also d'Finanzmäert net vu ganz nobäi verfollegen.
Hien informéiert Iech reegelméisseg a proaktiv iwwer wirtschaftlech Hannergrënn an d'Viraussoe vun der Bank. A schwierege Konjunkturperioden, wa séier muss reagéiert ginn, guidéiert hien Iech op eng objektiv Manéier an hëlleft Iech, vireileg an emotional Entscheedungen ze vermeiden.
Meeschtens stäipt sech Äre Beroder selwer op eng Ekipp vun Experten am Portfoliomanagement, déi déi néideg Hëllefsmëttelen a Méiglechkeeten hunn, fir déi am beschten adaptéiert Produkter um Marché a fir Är Situatioun, ze proposéieren.
Et ass un Iech ze entscheeden, ob Dir léiwer berode gitt, an dobäi selwer Är Investitiounsentscheedungen an der Hand behaalt oder ob Dir léiwer déi komplett Gestioun vun Ären Avoire Spezialisten uvertraut an Är Verméigensentwécklung an déi getraffen Entscheedungen dobäi suivéiert.
Bei ING Lëtzebuerg ginn et déi zwou Solutiounen! Entdeckt se hei.