Sponsored ContentE villverspriechend globaalt Wirtschaftsëmfeld Ufank dës Joers

Banque de Luxembourg

Déi makroekonomesch Statistike vun de wichtegsten Industrielänner bleiwe positiv. Op den Aktiemäert huet déi sektoriell Rotatioun sech am Laf vun de leschte Woche verstäerkt.

De Wuesstem an der Eurozon ass tëschent Oktober an Dezember ëm 0,3 % géintiwwer dem viregten Trimester geklommen a louch domat iwwer den Erwaardungen, wat op eng zolidd Bannendynamik zeréckzeféieren ass. Iwwer dat gesamt Joer 2025 gekuckt ass de PIB ëm 1,5 % an d’Luucht gaangen an huet sech doduerch am Verglach mat 2024 trotz deene staarke geopoliteschen Tensiounen an dem steigende Protektionismus beschleunegt. Déi rezent Entwécklung vun de PMI-Fréiindicateuren (de Gesamtindex louch am Januar bei 51,3 Punkten) schwätzt weiderhi fir e Wuesstem vun iwwer engem Prozent am Joer 2026, dat duerch eng Steierpolitik gedroen, déi sech accomodéiert an – zemools an Däitschland - héijer Depensë fir Verdeedegung an Infrastruktur ënnerstëtzt. Dat däitlecht Unzéie vun den nationalen Industrieopträg an dësem Land iwwer déi lescht dräi Méint vum Joer ass en éischten Hiweis dofir, datt déi industriell Aktivitéiten nei belieft ginn.

D’Phas vun der Desinflatioun an der Eurozon hält un

D’Inflatioun geet weiderhin zeréck (1,7 % op Basis vun de virleefegen Zuele fir de Januar), wat notamment op Basiseffekter am Zesummenhang mat der Energiekomponent an dem Ralentissement vun de Präiserhéijunge bei den Déngschtleeschtungen zeréckzeféieren ass. An engem Ëmfeld, dat duerch e moderate Wuesstem an Deflatioun gepräägt ass, huet d’Europäesch Zentralbank hir Leetzënsen onverännert gelooss (2 % fir de Remuneratiounstaux vun den Depoten). D’Mäert rechne fir 2026 mat kenger Ännerung vun der Geldpolitik. D’Zentralbank huet awer Spillraum, fir d’Zënsen ze senken, falls den Euro ze vill staark opgewäert gëtt oder d’Konjunktur noléisst.

Wäiss Dampwollek bei der Federal Reserve ouni Impakt op d’Zënserwaardungen

Den Donald Trump huet dem Jerome Powell säin Nofollger un der Spëtzt vun der Federal Reserve bekannt ginn. De Kevin Warsh, e fréiere Member vum Gouverneursrot vun der Federal Reserve vun 2006 an 2011, iwwerhëlt – wann de Senat säin Accord gëtt – ab Mee d’Leedung vun dëser Institutioun.

Déi historesch Positionéierung vum Kevin Warsh zeechent sech duerch eng staark ausgepräägter Prioritéit vun der Präisstabilitéit aus. Hien huet eng Expansioun vum Bilan vun der Federal Reserve – e quantitativen Assouplissement – vehement ofgeleent, well dat senger Meenung no en inflationären Drock oder eng suboptimal Allocatioun vum Kapital verursaacht.

En imminente Reduktiounsprozesss vun der Gréisst vun der amerikanescher Zentralbank hirem Bilan ass awer ganz onwarscheinlech. Dëst géing zu engem Opwäertsdrock op déi kuerz- a laangfristeg) Zënsen an d’Kreditkäschte féieren an domat dem Wëlle vun der Trump-Regierung widderspriechen.

Viru kuerzem huet de Kevin Warsh iwwregens en däitlech méi gedamen Toun ugeschloen an erkläert, datt d’Kombinatioun aus Produktivitéitsgewënner duerch kënschtlech Intelligenz an der Dereguléierungspolitik vun der Trump-Regierung eng strukturell Desinflatioun begënschtegen dierft. Senger Meenung no bidden dës verschiddene Facteuren de Wärungsautoritéiten d’Méiglechkeet, d’Zënsen ze senken, ouni ze riskéieren, datt d’Präisser nees an d’Luucht gedriwwe ginn.

Dem President Trump seng Ukënnegung vum 30. Januar, de Kevin Warsh ze nominéieren, huet d’Maarterwaardungen net verännert: Et gi weiderhin zwou Zënssenkungen am Joer 2026 erwaart.

Trotz kontinuéierlechem Wirtschaftswuesstem schwächelt den Aarbechtsmaart am Joer 2025

D’amerikanesch Ekonomie huet am Joer 2025 amplaz deenen ursprénglech geschätzten 1,2 Millioune Plaze letztendlech nëmmen 181.000 Aarbechtsplaze kreéiert – eng substanziell Differenz! Mat Ausnam vun de Joren, déi vun enger Rezessioun gepräägt waren, ass dëst deen déifsten Niveau vun der Kreatioun vun Aarbechtsplazen zënter 2003. An de Méint Januar, Juni, August an Oktober koum et esouguer zu enger reegelrechter Zerstéierung vun Aarbechtsplazen.

Dës Atonie vum Aarbechtsmaart am Joer 2025 trotz enger zolitter Wuesstemsdynamik wäert automatesch zu enger Progressioun vun der Produktivitéit an den USA féieren, déi däitlech méi staark ass wéi erwaart gouf.

Am Januar huet d’Unzuel vun den nei geschafen Aarbechtsplazen sech erholl an ass op 130.000 Plaze geklommen. Dës Kreatioun gouf awer op en Neits largement vum Gesondheets- a Fleegesecteur (124.000 Plazen) ugekuerbelt. Dofir ass et nach vill ze fréi fir vun enger nohalteger a globaler Reprise vum Aarbechtsmaart ze schwätzen.

Eng sensationell politesch Victoire fir déi japanesch Premierministesch

Déi japanesch Premierministesch Sanae Takaichi huet hiert Zil erreecht a konnt bei de virgezunne Parlamentswalen den 8. Februar 2026 en historescht Resultat verzeechnen. Hir Partei, déi liberaldemokratesch Partei huet effektiv eleng d’Zweedrëttelmajoritéit (316 vu 465 Sëtzer) am Ënnerhaus vum Parlament gewonnen, eng Première zënter dem Zweete Weltkrich. Zesumme mat hirer Alliéierter, der Japanescher Innovatiounspartei, huet d’Regierungskoalitioun insgesamt 352 Sëtzer. D’Madamm Takaichi verfüügt iwwer e bedeitend politescht Kapital an huet fräi Hand, fir eng expansiv Steierpolitik ze bedreiwen – notamment mam Zil, eng temporär Baisse vun de Steieren op de Liewensmëttel oder och nach eng Hausse vun de Militärdepensen duerchzesetzen – a gläichzäiteg d’Credibilitéit vum Budget ze sécheren, fir ze vermeiden, datt d’Langzäitzënsen an d’Luucht schéissen.

Entgéint dem Trend vun deene groussen Zentralbanken an den Industrielänner dierften déi japanesch Wärungsautoritéiten hir Normaliséierungspolitik mat zwou Zënserhéijungen ëm jeeweils 0,25 % fortsetzen, déi den Ament vun de Mäert fir 2026 erwaart ginn.

Retour vu Volatilitéit op de Mäert an eng zimmlech däitlech Rotatioun vun de Secteuren

D’Entspanung vun der geopolitescher Lag huet zu éischter mikroekonomesche Crainten op de Mäert gefouert, déi eng ëmfangräich Rotatioun vun de Secteuren ausgeléist hunn.

D’Secteure vun der Technologie, de Kommunikatiounsservicer an den zyklesche Konsumgidder (zu deene Konzerner wéi Amazon oder Tesla gehéieren) verzeechnen zënter Ufank vum Joer däitlech negativ Wäertentwécklungen, am Géigesaz zu méi defensive Secteure wéi d’Basiskonsumgidder oder d’Gesondheetswiesen an zyklesch Secteure wéi d’Rohstoffer an d’Energie, déi däitlech iwwerduerchschnëttlech ofschneiden.

An deene leschte Woche sinn zweeërlee Crainten opkomm, déi dës Rotatioun erklären.

Déi éischt ass net nei. Si ass awer no den Ukënnegunge vu massiven Erhéijunge vun den Investitiounsdepensen duerch d’„Hyperscaler” nees opkomm. Am Kader vun der Verëffentlechung vun hiren trimesterielle Resultater hu Google, Microsoft, Amazon a Meta Platforms hir Investitiounsdepensë fir d’Joer 2026 drastesch no uewe korrigéiert, mat engem gemeinsame Budget vu ronn 660 Milliarden US-Dollar fir déi véier Konzerner op d’Joer gesinn, wat méi wéi 2 % vum PIB vun de Vereenegte Staten entsprécht. Dës prononcéiert Kapitalintensitéit wäert automatesch den Entreprisen hir Capacitéit, fir Cashflow ze generéieren, reduzéieren. Dee potenziell dilutiven Impakt vun dësen Investitiounen op d’Rentabilitéit vun de Konzerner suscitéieren nei Craintë bei den Investisseuren.

Déi zweet Crainte ass méi rezent. Si ass d’Resultat vun deene potenziell disruptiven Auswierkunge vun der kënschtlecher Intelligenz an enger Abberzuel vu Branchen. Déi kierzlech Aféierung vu Claude Cowork duerch d’Entreprise Anthropic – e kënschtlechen Intelligenz-Agent, dee komplex Bürosaufgaben automatiséiere soll, ouni datt dofir iergendwellech Programméierkenntnisser néideg sinn – huet zu enger Beschleunegung vun der Korrekturbeweegung (ongeféier 20 % zënter Ufank vum Joer) an der Softwarebranche gefouert. De Marché fäert, datt dës Zort vun Applikatioun reegelrecht d’Existenz vun enger ganzer Rei vu spezialiséierte Logicielle menacéiert.

Och wann dës ondifferenzéiert Reaktioun iwwerdriwwe schéngt, verdäitlecht se dach déi inherent Ufällegkeet vun dëse Geschäftsmodeller ugesiichts der konstanter Weiderentwécklung vu KI-Applikatiounen. Doriwwer eraus hunn déi an der Branche staark ugespaante Bewäertungen den Investisseuren an dësem vu gerénger Visibilitéit a Prediktivitéit gepräägtem Ëmfeld nëmme wéineg Schutz gebueden.

Méi Informatiounen: https://www.banquedeluxembourg.com/fr/bank/bl/bl-times/filter/tag/topic_economie/pays/LU/

Back to Top
CIM LOGO