
D’Automobilindustrie gehéiert zu de Branchen, déi am meeschte Ressourcen an Europa verbrauchen. Si steet fir ronn 19 % vum Stolverbrauch an 10 % vum Plastikverbrauch, ouni Aluminium, Koffer, Gummi oder Glas matzezielen. An engem Land wéi Lëtzebuerg, dat mëttlerweil iwwer 670.000 Awunner huet, ass eng nohalteg Gestioun vu Ressourcen an Autosoffäll zu engem wichtege gesellschaftlechen Thema ginn.
Ënnert de konkrete Léisunge fir den ekologeschen Impakt vum Secteur ze reduzéieren, gëtt de Reeemploi vun Autosdeeler ëmmer méi evident. Nach heiansdo als “Noutléisung” ugesi, passen dës Deeler dobäi gutt an eng modern, gereegelt an zouverlässeg Approche vun den Autosreparaturen.
En Autosstéck aus dem Reemploi ass en Originaldeel vum Hiersteller, dat aus engem Gefier ausser Betrib (GAB) erausgeholl gëtt, dat fir de Recycling bestëmmt ass. Dës Gefierer ginn an agreéierten Zentren no engem streng gereegelte Prozess behandelt.
Déi éischt Etapp ass d’Depollutioun: all potenziell geféierlech Elementer—Flëssegkeeten, Batterien, Airbaggen, Filteren—ginn erausgeholl. E Gefier, dat net depolluéiert ass, gëllt juristesch als geféierlechen Offall.
Duerno kënnt den Demontage. D’Techniker identifizéieren d’Stécker, déi nach perfekt funktionéieren, demontéieren se mat Prezisioun, testen a botzen se.
Zum Schluss gëtt all Stéck tracéiert: Mark a Modell vum Originalgefier, Baujoer, Kilometerstand an d’Kontrolle gi systematesch dokumentéiert. Dat garantéiert dem Client Transparenz a Sécherheet.
Am Grand-Duché ass d’GAB‑Filière kloer gesetzlech gereegelt. En Auto, deen um Enn vu sengem Liewenszyklus ass, muss an en zertifizéierten Zentrum ofgi ginn, deen e Certificat de Destruction ausstellt. Domat kann den Auto ofgemellt ginn.
D’Resultat: iwwer 97 % vun de GAB ginn haut zu Lëtzebuerg valoriséiert, entweder duerch Reemploi oder duerch Materialrecycling. D’Land iwwerschreit domat däitlech déi europäesch Ziler.
Fir den Asaz vun Deeler aus dem Reemploi ze entwéckelen, schafft Foyer mat GPA zesummen, engem renomméierte franséische Spezialist am Autosrecycling. GPA verschafft all Dag Dosende vu beschiedegte Gefierer oder technesch / ekonomesch Totalschied a bréngt ongeféier 1500 Stécker pro Dag nees an den Ëmlaf.
Konkret: Wann e verséchert Gefier als irreparabel deklaréiert gëtt, kann et, wann et méiglech ass, un GPA iwwergi ginn. Deeler, déi nach an engem exzellenten Zoustand sinn, ginn demontéiert, kontrolléiert a kommen an e kuerze Circuit: Si déngen der Reparatur vun anere Gefierer aus dem Foyer‑Partnernetz.
E beschiedegt Gefier hëlleft esou engem aneren nees op d’Strooss ze kommen. Eng lokal, circulär an nohalteg Logik.
Fir dës verantwortungsvoll Wiel ze fërderen, bitt Foyer eng Reduktioun vun der Franchise oder e Kaddosbong an d’Stécker, déi an dësem Kader agesat ginn, profitéiere vun enger liewenslänglecher Foyersgarantie, jee no de Konditioune vum Kontrakt.
D’Reglementatioun definéiert kloer déi Stécker, déi zougelooss sinn:
Deeler, déi direkt mat aktiver Sécherheet zesummenhänken (Bremsen,Direktioun), sinn ausgeschloss.

De Reemploi vun engem Autosdeel bréngt konkret Ëmweltvirdeeler mat sech.
All Deel, dee reeemployéiert gëtt, ass een Offall manner. Dëst vermeit och d’Extraktioun an d’Veraarbechtung vun neie Rostoffer. Verschidde Ressourcen, wéi Koffer, stinn ënner weltwäitem Drock duerch d’Entwécklung vun elektresche Gefierer.
Aus klimatescher Siicht weisen Etuden, datt de Reemploi bis zu 80 % vun de CO₂‑Emissiounen vermeit, déi bei der Produktioun vun engem neien Deel entstinn.
De Reeemploi huet sech schonn an anere Beräicher imposéiert: Second-Hand‑Kleeder, rekonditionéiert Miwwelen, reparéiert Haushaltsapparater.
“Firwat soll e fënnef Joer ale Parechoc méi schlecht si wéi e fënnef Joer ale Won, deen tipptopp rullt?”
Dës provokant Fro weist den Haaptpunkt: d’Mentalitéite mussen sech änneren. Autosdeeler si keng Produite fir ewechzegeheie mee en nohaltegen Objet
A villen europäesche Länner, wéi Frankräich oder Portugal, ass de Gebrauch vu Reeemploi‑Deeler scho ganz heefeg. Lëtzebuerg, mat sengem héijen Niveau vu GAB‑Valorisatiounen a senge lokalen Initiative, passt perfekt an dës Dynamik.