Temoignage vu Stater Bijoutier no versichtem DéifstallWichteg, dass "ëmmer zwee Leit minimum" am Buttek sinn

Bakir Demic
Christophe Hochard
Zu engem versichten Déifstall vun enger 20.000-Euro-Kette koum et en Dënschdeg de Mëtteg an enger Bijouterie an der Uewerstad. Am Temoignage zielt eis de Gerant vum Buttek wéi hien dee Virfall erlieft huet.

Scho vun Ufank un hätt sech den Täter verdächteg verhalen, hätt d’Vendeuse als éischt aus dem Geschäft rausgeruff fir sech eppes an der Vitrinn unzekucken, wollt sech vill eenzel Bijoue weise loossen an ass hir an all Eck vum Buttek nogaangen. “E Client mat Respekt waart natierlech un der Théik a geet net nach mam Vendeur bis hannert d’Théik”, zielt eis de Jeff Costa, ee vun de Gerante vun der Bijouterie. Hien hat vu sengem Büro aus zoufälleg den Opnamen op der Iwwerwaachungskamera nogekuckt an hat direkt e schlecht Gefill:

“Schlussendlech war et effektiv esou, dass hie probéiert huet, d’Vendeuse sou vill wéi méiglech ofzelenken, him 3-4 Saachen do gewisen huet, déi hie gäre wéilt méi no gesinn. Wat hatt sech do ëmmer méi no vir gebéckt huet, wat hien dann de Courage geholl huet, fir dann op där ieweschter Etage un eng Ketten ze kommen a se sech an d’Jacketentäsch ze setzen”

Eng Ketten am Wäert vu gutt iwwer 20.000 Euro. Wéi de Jeff Costa den Déif konfrontéiert an ëm mat der Police gedreet huet, huet dësen d’Ketten zeréckginn a wollt d’Geschäft verloossen. De Gerant wollt en awer net goe loossen an do hale bis d’Police ukënnt. De Mann huet sech allerdéngs gewiert.

“En huet meng Sécherheetsdier hei opgebéit. Ech hunn nach d’Initiativ ergraff, ech hunn en nach eng Kéier um Col gepaak an no hanne gezunn, dass en hei banne bleift. Als en dann allerdéngs mat Drohungen ugefaangen huet, vu wegen en hätt e Messer an et kéint Weideres geschéien, hunn ech mer gesot: ‘Bon et bréngt näischt, looss e goen’”

Vum Jeff Costa ass et iwwerdeems follgende Rappell un aner Bijoutieren: “Wichteg ass op alle Fall dass eng Persoun ni eleng an der Bijouterie steet, dass ëmmer zwee Leit minimum mussen am Buttek sinn, dat ass gewosst. (...) Dat heescht, un all Bijoutier, deen investéiere muss, soll als éischt a Säi Sécherheetssystem investéieren, bevir nach iergendwéi eppes aneres gemaach gëtt. Et ass lo net fir alles schlecht ze schwätzen, awer mir liewen halt an Zäite wou ee bësse méi muss Uecht ginn.”

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO