
D’Liewenserwaardung geet zanter Joerzéngte kontinuéierlech an d’Luucht. Laut enger Etude vum Imperial College London kéint se bis 2030 op 90 Joer fir Fraen a 85 Joer fir Männer klammen. Mat engem gesetzleche Pensiounsalter vu 65 Joer zu Lëtzebuerg entsprécht dat enger Period vun 20 bis 25 Joer, an där jidderee säi Liewensstandard finanzéiere muss. Dës Jore kënne fir Reesen, Fräizäit, Zäit fir sech selwer an d’Realiséiere vu perséinleche Projete genotzt ginn, déi wärend der Beruffskarriär dacks zeréckgestallt goufen. Fir dës Zäit voll a ganz genéissen ze kënnen, ass et wichteg, sech finanziell gutt virzebereeden. Bis 90 Joer ze liewen, gëtt haut geplangt.
Zu Lëtzebuerg besteet d’Pensioun aus dräi komplementare Pilieren, déi dozou bäidroen, en zousätzlecht Akommes am Alter ze sécheren.
1. D’legal Pensioun
D’Basis vum System. Si hänkt of:
2. Déi komplementar Pensioun vum Betrib
Dës Pensioun, och „zweete Pilier“ genannt, gëtt vum Employeur fir seng Mataarbechter ugebueden, z. B. iwwer eng Grupp-Versécherung oder e Pensiouns- an Investitiounsfong. Selbststänneger kënnen dëse Pilier iwwer den RCPI (régime complémentaire de pension pour indépendants) opbauen.
3. Déi individuell Altersvirsuerg
En direkten an attraktive Steiervirdeel
Am Géigesaz zu aneren Aarte vu Spueren– wéi Immobilien, klassesch Spuerkonten, Investissementer an der Bourse oder Kryptowärungen – gëtt d’ Altersvirsuerg steierlech als Spezialausgab ofgesat. Zënter 2026 ass et méiglech, bis zu 4.500 € pro Joer an e Kontrakt fir d’Altersvirsuerg anzebezuelen, wat e wichtege steierleche Virdeel mat sech bréngt.
Fir den tatsächlechen Impakt vun dësem Virdeel ze illustréieren, hu mir zwee konkret Beispiller:
Als éischt de Fall vun engem 25‑järegen Elengstoenden, deen e järlecht besteierbaart Akommes vu 40.000 € huet. Wann hien decidéiert, all Joer 4.500 € an e Kontrakt fir d’Altersvirsuerg ze bezuelen, profitéiert hie vun engem steierleche Virdeel vun 1.193 € pro Joer. Iwwer eng Period vu véierzeg Joer ergëtt dëst e cumuléierte Virdeel vu 47.720 €, wat schonn an den ufanks Jore vum Spueren e kloren a relevante Gewënn duerstellt.
Dat zweet Beispill betrëfft eng Koppel vu 35 Joer mat engem Stotakommes vun 100.000€. Wann béid Partner all Joer 4.500 € spuere – also zesummen 9.000 € –, profitéiert déi Koppel vun engem järleche Steiervirdeel vun 3.223 €. Iwwer drësseg Joer klëmmt dëse Virdeel op 96.690 €, wat d’Bedeitung an d’Efficacitéit vum drëtte Pilier an enger gudder Virbereedung op d’Pensioun däitlech ënnersträicht.
Dës Beispiller weisen däitlech: D’Altersvirsuerg bitt en duebele Virdeel – eng steierlech Entlaaschtung an eng méi héich zukünfteg Pensioun.
Beim Foyer erméiglechen déi verschidde Spuer Optioune fir d’Altersvirsuerg, sech un all Profil unzepassen – egal ob et sech ëm méi virsiichteg oder dynamesch Spuerer handelt. D’Altersvirsuerg bitt eng grouss Flexibilitéit an der Gestioun an an der Allocatioun vum Kapital.
D’Clientë kënnen tëscht verschidde Léisunge wielen:
All d’Units de Compte déi Foyer ubitt, ginn duerch d’Experte vu CapitalatWork verwalt, déi fir hir professionell Approche an hir riguréis Gestioun unerkannt sinn.

D’Virbereedung op d’Pensioun soll net als Laascht ugesi ginn, mee als eng Méiglechkeet, seng Zukunft ofzesécheren an op laang Siicht seng Liewensqualitéit ze erhalen. Wat ee méi fréi ufänkt ze spueren, wat den Effekt méi grouss ass – souwuel wat de steierleche Virdeel ugeet, wéi och den Opbau vu Kapital.
An eng Altersvirsuerg ze investéieren heescht, sech fir eng equilibréiert, stabil a méi komfortabel Pensioun ze entscheeden.
Et ass dofir wichteg, elo schonn aktiv ze ginn, fir Schrëtt fir Schrëtt eng zousätzlech Akommesquell opzebauen, déi et erméiglecht, d’Pensioun a vollen Zich ze genéissen.