Business ContentElektrogefierer. Wisou eigentlech net?

RTL Lëtzebuerg

Den Autosfestival ass sou just eriwwer, a wéi all Joer sinn nees vill Offeren iwwert den Dësch gaangen. Fräizäitautoen, Notzgefierer, Leasingsautoen – d’Autoe ginn ëmmer méi villfälteg an dem Choix vum Client sinn (bal) keng Grenze gesat.

Nodeems een et vum Immobiliëmarché jo scho gewinnt ass, datt een sech bei Neibauten a Richtung Passiv- oder Niddregenergie orientéiert, schéngen och d’Autoskonstrukteuren op den Zuch opgesprongen ze sinn a produzéieren ëmmer méi schuedstoffaarm Gefierer. No engem éischter luese Start huet sech d’Offer u sou Gefierer an de leschte Jore ferm erkritt.

Obwuel déi éischt Plug-In Hybrid oder Full Electric Gefierer am Ufank net vill Begeeschterung ausgeléist hunn bei deene Leit, déi et gewinnt waren, op d’Tankstell ze fueren an “de Bensin ze richen”, gëtt et elo lues awer sécher ëmmer méi Autofuerer, déi hir CO2-Emissioune reduzéiere wëllen an dowéinst zu deene sougenannte “propperen” Gefierer gräifen.

Finanziell Virdeeler

Fir dës haartnäckeg Gewunnechten ze briechen, huet de Lëtzebuerger Staat verschidde Moossnamen ergraff, wéi zum Beispill Primme beim Kaf vun Elektro- oder Hybridgefierer – 2.500€ bei engem PHEV Gefier, also en Plug-in Hybrid Electric Vehicle an 8.000€ bei engem Full Electric.

Ausserdeem huet de Staat och d’Bewäertunge vun de sougenannten “avantages en nature” fir déi Leit déi ee Firmen- oder Déngschtwon hunn, reevaluéiert. Déi leie lo bei 0,5% vum Neiwäert bei engem vollelektreschen Auto a bei 0,8% bei engem Plug-in Hybrid. Am Verglach dozou muss ee mat bis zu 1,8% fir déi manner ëmweltfrëndlech Gefierer rechnen. Vereinfacht gesot, kann ee mat engem emissiounsfräie Gefier also e puer Honnert Euro pro Mount, respektiv e puer Dausend Euro am Joer spueren !

Wat d’Zirkulatiounssteier ugeet, sou gëtt dës op de Verbrauch an op d’CO2-Emissioune vum Gefier berechent. Den CO2-Ausstouss vun engem vollelektresche Gefier läit bei 0 Gramm pro Kilometer, wat bedeit datt een an dem Fall also nëmmen 30€ pro Joer géif bezuelen.

Ëmmer méi performant Gefierer

D’FIA (Fédération Internationale de l’Automobile) huet virun e puer Joer de Pendant Plug-in Hybrid am Beräich vun der Formel 1 agefouert. No engem éischter bescheidene Succès am Ufank gëtt dësen éischte weltwäite Championnat fir Elektrogefierer ëmmer méi beléift. Waren et am Ufank nëmmen e puer Course, sou si fir d’Saison 2021 scho 14 Coursen ageplangt. Verschidde Piloten (déi natierlech och déi vun der FIA gefuerdert Superlizenz hunn) kommen zum Beispill aus der Formel 1, der DTM, IndyCar Series etc.

D’Autoskonstrukteuren hunn sech mat Begeeschterung op des Aventure agelooss. Mercedes, Audi, Porsche, BMW, Jaguar a Nissan (PSA) maache lo mat a kämpfen haart em d’Virherrschaft an dëser Disziplin.

All dës Championnater sinn natierlech net nëmme sportlech gesinn interessant, mee si gëllen och als eng Aart Testlabo fir all méiglech Entwécklungen, déi mat der Zäit och kënnen an d’Seriegefierer agebaut ginn.

De Virreider Elon Musk vun TESLA huet vill fir déi global Entwécklung vun Elektrogefierer gemaach, andeems en all seng Patenter ëffentlech gemaach huet. Domadder huet en déi traditionell Hiersteller an och Autofuerer encouragéiert, sech op Elektrogefierer anzeloossen a bei der Leeschtung an Autonomie vun de Batterien an de Gefierer nach mei wäit ze goen.

Natierlech muss een dobäi och op d’Thematik vun der CO2-Bilanz vun de Batterien agoen, déi weltwäit fir vill Diskussioune suergt. Fest steet op alle Fall, datt e vollelektrescht Gefier beim Fuere keng CO2-Emissiounen ausstéisst.

Finanziell gesinn ass een Elektrogefier an der Uschafung am Moment nach ëmmer deier, souguer wann een déi staatlech Primmen ofzitt. De Leasingsmarché zu Lëtzebuerg bitt mëttlerweil allerdéngs eng Rei vun interessante Finanzéierungsméiglechkeeten, souwuel fir Betriber wéi och fir Privatpersounen. Zum Beispill Léisunge fir d’Stroumofrechung iwwer “intelligent” Kabelen, déi en direkte Remboursement un de Benotzer an och eng Ofrechnung mam Employeur, am Kader vun engem Firmen- oder Déngschtwon, erlaben.

D’Autoen déi haut um Maart sinn, bidden eng besser Reechwäit a méi Leeschtung. De neie Mercedes EQC versprécht zum Beispill eng Reechwäit vu 406km an ee 408 PS staarke Motor; och Audi ass mat sengem E-Tron Modell an dësem Beräich. Och d’Versécherungsgesellschaften hunn des Besoine mëttlerweil erkannt. Sou stellt de Lëtzebuerger Assureur Bâloise, dank engem Partenariat mat ALD Automotive, senge Clienten am Fall vun engem Schued elo och e Mercedes EQC Full Electric zur Verfügung an entsprécht sou den Erwaardunge vu senge Clienten.

A muer?

D’Konstrukteure wäerte weider fläisseg dru schaffen, fir den ëmmer méi héijen Uspréch vun deenen Autosfuerer ze entspriechen, déi Amateur vun deiere Gefierer oder Sportsween sinn.

De Frédéric Hugot, Responsable Inspection Automobile / DAB & RC bei der Bâloise erkläert: "Si schaffen alleguer drun fir ëmmer méi ze bidden, zum Beispill wat d’Technologie vun de Batterien ugeet: nach besser Lithium-Ion Batterien,  Lithium-Schwiefel-Batterien, en SALD Konzept (Spatial Atomic Layer Deposition) a villes méi... All dëst wäert eng besser Autonomie, verkierzten Opluedzäit a nach méi Leeschtung erméiglechen. Mir sinn op alle Fall um richtege Wee.”

De Grégory Pauwels, Responsable Indemnisation Risque Standard bei der Bâloise gëtt och oft mat dem Thema konfrontéiert: “Et schéngt mëttlerweil duerchaus méiglech ze sinn, e leeschtungsstaarke PHEV Auto ze fueren, an trotzdeem gläichzäiteg ökologesch responsabel ze handelen.”

An der Optik, d’Liewe vun hire Clienten duerch innovativ Léisungen an en aussergewéinlecht Erliefnis ze vereinfachen, bereet sech d’Bâloise elo schonn op d'Entwécklungen an dësem Marché vir. Den Daniel Frank, Direkter bei der Lëtzebuerger Versécherung bestätegt des Ausso: “Mir wëlle prett sinn, fir deene Fuerer, déi sech fir en Elektro oder Plugin-Hybrid Gefier entscheeden, spezifesch Servicer an extra Ënnerstëtzung unzebidden.”

Entdeckt Drive Electric, déi éischt Assurance speziell mat Servicer fir Chauffeure vun opluedbaren Hybridautoen an Elektroautoen.

Back to Top
CIM LOGO