
Sidd Dir es midd, éiweg no engem Programm fir den Owend ze sichen? Verléiert Dir Iech heiansdo beim Switchen tëscht de verschiddene Plattformen a Fernsteierungen? Da sidd Dir net eleng!
Am Duerchschnëtt verbrénge mir zu Lëtzebuerg 129 Minutten am Dag virum Fernsee, dovu ronn 25 Minutte fir no engem Programm ze sichen … dat si knapp méi wéi 6 Deeg am Joer! Et gëtt Zäit, Äert Liewen ze vereinfachen. Dank Tango kënnt Dir en eenzegaartegt TV-Erliefnes zu Lëtzebuerg entdecken, mat der fuschneier Offer Tango TV!
Mam neien Tango TV hutt Dir endlech d'Kontroll iwwer Ären Entertainment dank enger einfacher an intuitiver Interface, mat där Dir ganz séier Äre Choix maache kënnt. Wat Tango TV awer auszeechent, ass d'Integratioun vun de gréisste Streaming-Plattformen. All Är Contenue sinn ab elo op enger Plaz disponibel! Mat deem einfache Wiessel tëscht de verschiddenen Appen, kënnt Dir endlech vun enger Live-Sendung op e Film an dann op eng Serie op Ärer léifster Streaming-Plattform schalten.
Mat enger Offer, déi op Är Besoinen a Wënsch ugepasst ass, gëtt déi nei TangoTV Box Iech direkten Zougrëff op:
Äre Fernsee ass elo mobil! Huelt en iwwerall mat, iwwer d'App MyTangoTV Plus op Ärem Smartphone an Tablet an all Netzwierk an der Europäescher Unioun*.
Eng weider grouss nei Neiegkeet ass d'Méiglechkeet, all Är léifste Contenuen iwwer d'App MyTangoTV Plus och mat engem Apple TV 4K ze kucken.
Hutt Dir Är léifste Sendung verpasst? Kee Problem: Mat der Kontroll iwwer Live-Sendungen, Replay an d'Méiglechkeet, Är Sendungen zu all Moment opzehuelen, och wann Dir net Doheem sidd, entscheet Dir iwwer Är Fernseezäit. Eis nei intelligent Interface hëlleft Iech, d'Programmer ganz séier ze fannen, an dank eisen Empfeelungen, neie Contenu ze entdecken, deen Iech bestëmmt gefält!
Fänkt mat Tango TV eng nei Ära vum Entertainment un. Entscheet Iech fir Einfachheet a Qualitéit, ouni Kompromësser.
Fir eis Offeren ab 19 € de Mount ze entdecken, gitt op tango.lu oder an ee vun eisen 11 Tango-Shoppen.