
Wat wier wann Dir Är Rechnung entlaascht an Iech d’Liewen domat mei einfach a komfortabel maacht? Ären Handy- an Internetsabonnement bei engem eenzegee Provider ze regroupéieren ass eng clever Léisung, fir d‘Ausgaben z‘optimiséieren. Hei sinn dräi gutt Grënn, fir dësen Trick direkt ëmzesetzen.
Déi regroupéiert Offere limitéieren sech net nëmmen op d’Kombinatioun tëscht Internet an Handy. Si bidden dacks nach méi Virdeeler : Méi mobil Daten, zousätzlech Servicer wéi Cloud-Späicher, Online-Sécherheet a souguer Virdeeler fir Är Léifsten. Et ass e ganz neien Universum u Servicer dee fir Iech opgeet.
Zum Beispill, erlaben d’Internet an Handyspackagen vun Orange Lëtzebuerg Iech et, Orange TV derbäizesetzen an domat eng komplett zougänglech Offer fir déi ganz Famill ze kréien.
Mat Orange TV profitéiert Dir vun engem Zougang zu méi wéi 100 Kanäl, a verschiddene Sproochen, déi och nach all Beräich ofdecken: Kino, Noriichten, Sport, Kultur, Jugend...
Fir jiddereen ass fir all Ament vum Dag eppes derbäi.
Mat enger einfacher Installatioun, enger Applikatioun déi op all Ären Ecrane disponibel ass, mat Replay, Kontroll vum Live-Programm oder och d’Opnam vun Äre Liblingssendungen, hutt Dir Zougang zu Ärem Contenu wann a wou Dir wëllt.
Andeems Dir Iech fir eng regroupéiert Offer Internet + Handy + TV entscheet, addéiert Dir net just Servicer: Dir kritt Zougang zu engem richteg verbonnenen Ökosystem, deen entwéckelt gouf fir op all Besoin vum Alldag anzegoen.
Schluss mat verschiddenen Ofbuchungen an Demarchë vu verschiddene Fournisseuren. Mat enger eenzeger Rechnung a just engem Uspriechpartner, gewannt Dir Zäit a Kloerheet.
Andeems Dir Är Abonementer regroupéiert, profitéiert Dir och vun engem méi flëssege Service. Dir hutt een eenzege Kontaktpunkt fir Är Froen a Besoinen, ob et elo em Ären Handysforfait, der Internetsverbindung oder em Är Optioune geet. Soumat hutt Dir Zougrëff op eng méi séier a personaliséiert Assistance.
Internet- an Handysservicer beim selwechte Provider ze regroupéieren ass en einfachen Trick fir Ausgaben ze reduzéieren, ouni mussen op Qualitéit ze verzichten. Andeems Dir all Är Abonnementer zentraliséiert, profitéiert Dir vun avantagéisen Tariffer an exclusive Remisen, an evitéiert zousätzlech Fraise weint diverse Provideren.
Wann Dir zum Beispill bei Orange Lëtzebuerg en Abo fir d’Fiber huelt kënnt Dir, jee no Offer, bis zu 10€ de Mount op Ärem Handysabo spueren.
Spuert elo a genéisst d’Fiber + Handy fir nëmmen 3,99 € de Mount wärend 3 Méint.
Zousätzlech kritt Dir bei all neiem Abonnement d’Livebox Fiber fir dräi Méint gratis dobäi, Installatioun bei Iech doheem mat abegraff.
Benotzt Dir schonn eis Handysservicer oder sidd Dir nëmmen un der Fiber interesséiert? Orange offréiert Iech d’Livebox Fiber wärend 3 Méint bei all neiem Abonnement.