Neit Liewen um KierchbiergStad Lëtzebuerg approuvéiert "Kennedy Park" um fréiere Site vu BGL BNP Paribas

Gaël Arellano
iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
Um Terrain vum fréiere Sëtz vun der BGL BNP Paribas um Kierchbierg solle Wunnengen, Büroen, Geschäfter, e Fräizäitzenter an en Hotel entstoen, dat nodeems d'Stad Lëtzebuerg de Kennedy-Park-Projet approuvéiert huet.
D'Awunner vum neie Quartier kréien en 1,6 Hektar groussen ëffentleche Park virun d'Dier.
© BPI Real Estate

D'Stad Lëtzebuerg huet de Projet approuvéiert, deen de fréiere Sëtz vun der BGL BNP Paribas um Kierchbierg ersetze soll. De Projet, dee "Kennedy Park" heescht, gesäit Wunnengen, Büroen, Geschäfter, e Fräizäitzenter, en Hotel an e Co-Living-Gebai vir, wéi BPI Real Estate en Dënschdeg matgedeelt huet.

Déi éischt Unitéite si schonn 2028 virgesinn. Am Ganze sollen aacht nei Gebaier entstoen, déi méi wéi 4.000 Mataarbechter an ëm déi 830 Awunner kënnen ophuelen.

KPMG Luxembourg a Linklaters solle schonn decidéiert hunn, sech am Kennedy Park néierzeloossen. Hir nei Sëtz solle si tëschent dem drëtten an dem véierte Quartal 2028 iwwerhuelen.

Fir déi zwee aner Bürosgebaier ginn et am Moment nach "avancéiert Gespréicher" mat "wichtegen Acteuren" aus verschiddene Secteuren, ënner anerem aus der Hotel- a Fräizäitbranche, wéi et heescht.

De Kennedy Park wäert sech awer net nëmmen op Büroe limitéieren. Um Site sinn och en Appartementshaus mam Numm "Iris" op 6.125 Quadratmeter an e Co-Living-Gebai mam Numm "Orchid" op 8.500 Quadratmeter geplangt.

D'Awunner kréien dann nach en 1,6 Hektar groussen ëffentleche Park virun d'Dier. Och Geschäfter an e Fräizäitzenter solle beim neie Quartier dobäikommen.

De Kennedy Park erstreckt sech iwwert méi ewéi 3 Hektar an huet e Budget vu méi ewéi 200 Milliounen Euro. Et ass de gréisste Projet vun der BPI Real Estate zu Lëtzebuerg bis elo a soll bal 1.000 Leit beschäftegen, dorënner Architekten, Ingenieuren a Bauaarbechter.

D'Holz-Mëschung, déi beim Bau benotzt gëtt,soll iwwerdeems d'CO2-Emissioune vum Projet ëm 30 Prozent reduzéieren.

Back to Top
CIM LOGO