D'Drama ëm de Bockelwal kéint op en Enn kommen: D'Déier, dat wochelaang virun der Insel Poel an der Ostsee louch, ass en Dënschdeg an de "Frachtkahn" geschwommen, mat deem en op d'Oppent Mier soll bruecht ginn. Op Livebiller war ze gesinn, wéi Fräiwëlleger de Wal an eng sougenannt "Barge" dirigéiert hunn.
Um Dënschdegowend, "wann d'Mier méi roueg ass, wäert hie seng Rees a Richtung Nordséi untrieden an da kënnt hien a seng Heemeschtsgewässer zeréck", huet den Till Backhaus, Ëmweltminister vu Mecklenburg-Vorpommern, viru Journaliste gesot.
De Wal, dee schwéier ugeschloen ass, soll elo an deem Frachter a Richtung Nordsee oder Atlantik geschleeft ginn. Bei dëser Initiativ, déi vun zwou privaten Entreprise finanzéiert gouf, handelt et sech ëm de leschte Rettungsversuch fir d'Déier, wat Experte schonn opginn haten.
Vill Leit vum Fach, déi sech net un der Aktioun bedeelegen, schwätze vun enger "sënnloser" Aktioun. D'Autoritéiten dulden d'Virgoen awer.
De Backhaus huet dann och op d'Kritik reagéiert a sot: "Mir hunn hei Dag an Nuecht geschafft, och zesummegeschafft, a mir hunn um Enn dëst Déier gerett."
Elo misst d'Aktioun an aller Rou ausgewäert ginn.
De Minister wëll dobäi "no vir" denken: "Wéi gi mer mat eiser Ëmwelt ëm? Wéi gi mer mat eiser Mierer ëm? Wéi gi mer mat den Déieren ëm?", huet hie gefrot.
Bei der Konferenz vun den Ëmweltministeren Ufank Mee wëll säi Bundesland eng Demande areechen, "wéi mir dat an Zukunft besser organiséiere kënnen, wann esou eppes virkënnt".
Och wéi seng Stëmmung um Schëff war, huet den Till Backhaus kuerz erwäänt. Ënner anerem sot hien, datt hie gekrasch hat. "Ech war kuerz virdrun, an d'Waasser ze sprangen an him nach op de leschte Meter ze hëllefen." Et war schonn e "Glécksmoment".
Déi Bedeelegt vun der privater Rettungsinitiativ hu sech erliichtert gewisen. "Natierlech freeë mer eis alleguer extrem", esou d'Déierendoktesch Kirsten Tönnies. Et wier e Moment gewiescht, dee jidderengem extrem nogaangen ass.
D'Déier wier aus eegener Kraaft an d'Barge geschwommen, esou de Fred Babbel, Chef vun der Aarbechter- an Taucherekipp vun der Initiativ. Him wier "e grousse Stee vum Häerz gefall".
Vill Leit aus Däitschland an aus der ganzer Welt poursuivéieren d'Drama ëm de Bockelwal "Timmy". Zanter Ufank Mäerz war d'Mamendéier, dat u sech aus dem Atlantik kënnt, virun der däitscher Küst un der Ostsee ënnerwee an ass méi dacks op Sandbänken hänke bliwwen. Och hat hie sech an Netzer verfaangen.
Zanter véier Woche louch hien op engem Zoufloss vun der Bucht vun der Wismar op Grond.
Kuerz no 20 Auer en Dënschdeg de Owend koum d'Meldung, datt de "Frachtkahn", deen den Timmy transportéiert, sech op de Wee a Richtung Oppent Mier gemaach huet.