
Krankheeten déi duerch Liewensmëttel verursaacht ginn, sinn zu engem globale Problem fir jidderee ginn. Mat der Mondialisatioun an der Verlängerung vun der Liewensmëttelketten, kënne sech Bakterien, Viren, Parasiten, Gëftstoffer an aner Chemikalien séier iwwert déi ganz Ketten a souguer iwwert d’Grenzen eraus, verbreeden. Fir dës Ausbreedung ze vermeiden, gi Virsiicht an de Respekt vu grondleegende Virschrëften an der Hygiène imposéiert, sief et an der Kichen oder am Fräien.
D’Zuele schwätze fir sech. Der WHO, der Weltgesondheetsorganisatioun no, ass bal all zéngte Persoun vu Krankheeten duerch Liewensmëttel betraff, wat esouvill wéi de Verloscht vun 33 Millioune Joere vu gesondem Liewen ausmaachen. Dës Krankheete kënne souguer déidlech ausgoen: 420.000 Doudesfäll pro Joer, dovunner een Drëttel Kanner.
Déi heefegst Krankheete sinn Duerchfallerkrankungen déi duerch net genéissbar Liewensmëttel verursaacht ginn. Dëst ass alleng schonn zoustänneg fir d’Hallschent vun der weltwäiter Belaaschtung, déi duerch Liewensmëttelkrankheeten ausgeléist ginn. Alleng hei zu Lëtzebuerg ginn der Direktioun vun der Santé pro Joer iwwert 1000 Fäll vu Gastroentéritë gemellt, am Duerchschnëtt also méi wéi 3 Fäll pro Dag!
5 Geste fir méi sécher Liewensmëttel
An awer, loosse sech Krankheeten duerch Liewensmëttel einfach vermeiden. Fir sécher Liewensmëttel ouni e Risiko fir Är Gesondheet ze konsuméieren, braucht Dir just folgend 5 Schrëtt anzehalen.
Maacht eng Gewunnecht doraus, Iech ier Dir Iesswueren upaakt, beim Kachen oder no dem Gebrauch vun der Toilette d’Hänn ze wäschen. Wäscht an desinfizéiert all Fläch an Apparat, déi mat Liewensmëttel a Kontakt kommen. Vill geféierlech Mikroorganisme fënnt een un den Hänn, de Kichendicher a Geschier, ganz besonnesch op de Schneidbrieder. Schonn de klengste Kontakt erméiglecht et dëse Mikroorganismen an d’Iessen ze kommen a Krankheeten ze verursaachen.
Trennt frësch Liewensmëttel vu gekachte Wueren. Benotzt keng Apparater a Geschier wéi Messer oder Schneidbrieder, déi Dir grad fir frëscht Iessen gebraucht hutt, fir weider aner Liewensmëttel ze verschaffen. Liewensmëttel sollen an zouene Behälter versuergt ginn, fir de Kontakt tëscht réien a fäerdege Liewensmëttel ze vermeiden. Réi Liewensmëttel kënne Mikroorganismen enthalen, déi aner Liewensmëttel bei der Zoubereedung oder beim Versuerge kontaminéiere kéinten.
Kacht grëndlech Äert Iessen, virun allem Fleesch, Gefligel, Eeër a Fësch. Liewensmëttel wéi Zoppen a Ragouten musse gliddeg ofgekacht ginn. Passt och bei Platen op, déi scho gekacht waren an nees opgewiermt solle ginn. Etüden hu bewisen, datt Liewensmëttel déi bei 70 °C opgekacht gi sinn, ouni Problem giess kënne ginn.
Haalt Är Iesswuere bei der richteger Temperatur: ënnert 5°C fir se ze versuergen a méi wéi 60°C fir se ze zerwéieren. Gefruere Liewensmëttel solle net bei Raumtemperatur entdeet ginn. Versuergt Iesswueren net ze laang am Frigo. Bei Raumtemperatur multiplizéieren sech Mikroorganismen an de Liewensmëttel immens séier. Ënnert 5°C an iwwert 60°C gëtt hire Wuesstem méi lues oder gestoppt.
Huelt ëmmer proppert Waasser a frësch Liewensmëttel. Wäscht d’Uebst an d’Geméis, besonnesch wann Dir et réi iesse wëllt. Evitéiert fir Iesswueren ze konsomméieren, wou den Mindeshaltbarkeetsdatum iwwerschratt ass. Réi Liewensmëttel, awer och Waasser an Äis kënne schiedlech Mikroorganismen a Chemikalien enthalen. Wann Iessewuere verduerwen oder verschimmelt sinn, kënne gëfteg chemesch Substanzen entstoen.
D’Hygiène steet bei eis dagdeeglech um Programm
Awer wéi kann ee sécher sinn, datt d’Virschrëfte fir d’Hygiène beim Iessen an der Kantin, an enger Snak-Bar, am Restaurant oder am Hotel respektéiert ginn? Wéi kënnt Dir sécher sinn, datt déi Produiten, déi Dir an de Butteker fannt, gesond sinn. Wéi kënnt Dir erausfannen, ob d’Strukture fir d’Betreiung vu Kanner a Senioren déi richteg Moossnamen huelen fir d’Sécherheet vun de Liewensmëttel ze garantéieren?
Bei Luxcontrol si mir eis dëse Problemer ganz bewosst. Zanter sëlleche Joere stelle mir eisen Know-How an den Déngscht vun de Professionnellen vun der Alimentatioun zu Verfügung, fir zesumme sech der Erausfuerderung vun der Liewensmëttelsécherheet ze stellen. Mir maache regelméisseg Kontrollen – am Duerchschnëtt méi ewéi 1.000 am Joer! – fir ze kucken ob d’Praxis vun der Hygiène vun de Liewensmëttel an der mikrobiologescher Qualitéit vun de Produiten, agehale gëtt. Mir schaffen déi néideg Dokumentatioun aus: d’Kontroll vun der Temperatur; de Botzplang; d’Deklaratioun vun den Allergenen; d’Demarche vum HACCP, fir d’Gefore bei der Liewensmëttelsécherheet ze definéieren, ze bewäerten an ze kontrolléieren. Op Är Ufro, maache mir Kontrolle vun der Liewensmëttelsécherheet bei de Fournisseuren. Mir sensibiliséieren d’Personal op déi richteg Praktiken an optiméieren d’Gestaltung vun de Raimlechkeete vun engem Lokal, fir ënnert beschtméigleche Konditioune produzéieren ze kënnen.
All Etablissement wat mir begleeden, beweist Iech esou, wéi wichteg d’Anhale vun de legale Virschrëften am Kader vun der Liewensmëttelsécherheet ass. Dëst gëtt dann och d’Gewëssheet, datt all Viraussetzunge gi sinn, fir datt Dir Iech ouni Suergen un den Dësch setze kënnt.