
Um Feierdag vum 9. Mee dréint sech op der Toodlermillen alles ronderëm d'Thema Waasser. Hei kënne Grouss a Kleng un enger Hellewull Aktivitéiten deelhuelen an zum Ofschloss déi spannend Floosscourse op der Sauer kucken. De ganzen Dag iwwer kënnen d‘Kanner Mini-Floosser op der Plaz bauen, déi dann duerno an enger Cours géinteneen untrieden. Ze gewanne ginn et dobäi flott Präisser. Dorënner ee Kannergebuertsdag um pädagogesche Bauerenhaff Hanshaff zu Boukels, Tickete fir de Marionettefestival oder en Tour mam Solarboot um Stauséi.
Donieft stinn awer och nees verschidden Highlights um Programm, fir déi een sech am Virfeld sollt umellen:

D'Entrée ass gratis. D‘Waasserfest ass um Feierdag vum 9. Mee vun 10 bis 17 Auer op der Toodlermillen. De ganze Programm an detailléiert Informatiounen zu den Navetten, déi d'Visiteure vun der Gare op der Giewelsmillen bis op d'Toodlermille brénge ginn et hei:
https://www.naturpark-sure.lu/fr/nps-tax-offer-category/fete-de-leau/
Fir Iessen a Gedrénks ass beschtens gesuergt.
