
Déi fix Grenzkontrollen tëscht Däitschland a Lëtzebuerg falen ewech, d'Installatiounen op der Autobunn 64 bei Tréier ginn ofgebaut. Den Inneminister Léon Gloden a säin däitschen Homolog Alexander Dobrindt si sech eens ginn.
Dat gouf um Bord vum Treffe vun den däitschsproochegen Inneministeren annoncéiert, déi en Dënschdeg zu Lëtzebuerg beienee sinn. An der Plaz solle mobil Kontrollen op der Héicht vum Parking Markusbierg kommen. Dës sollen änlech oflafen ewéi d'Kontrollen op der Saar-Autobunn hannert der Schengener Bréck.
D'Kontrollen am däitsch-Lëtzebuerger Grenzgebitt sinn net konform zum Schengen-Kodex. Dat seet en Urteel vum Verwaltungsgeriicht vu Koblenz, wat e Méindeg public gouf.