Stater Buergermeeschtesch rifft PoliceMorgue a Griewer um Nikloskierfecht muttwëlleg zerstéiert

Pierre Weimerskirch
Um Nikloskierfecht um Lampertsbierg koum et e Sonndeg zu Vandalismus – d'Police ermëttelt, nodeems och d'Morgue beschiedegt gouf.
Notre Dame
Och d'Fënstere vun der Morgue goufen zerstéiert.
© Domingos Oliveira

Um Nikloskierfecht an der Stad ass et zu Vandalismus komm. Betraff sinn d'Morgue an och verschidde Griewer, wéi d'Police op Nofro confirméiert.

Wéi L'essentiel mellt, huet d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer d'Police selwer alarméiert, wéi si Blummen op e Graf wollt leeë goen.

D'Fënstere vun der Morgue goufen zerstéiert an d'Dier staark beschiedegt. Ausserdeem goufe Blummen erausgerappt, Dëppen ëmgeworf a Griewer degradéiert.

Op Nofro hi confirméiert d'Police, datt eng Patrull op d'Plaz gefuer ass an och d'Spueresécherung am Asaz war.

D'Ermëttlunge géifen den Ament nach lafen.

Back to Top
CIM LOGO