Sponsored ContentWielt Är Vertrieder an der Chambre des salariés

RTL Lëtzebuerg
All Salarié a Pensionéierten kritt tëscht dem 21. Januar an dem 15. Februar säi Walziedel mat der Post gescheckt.

Iwwer 500.000 Salariéen a Pensionéierter sinn opgeruff, bei de Sozialwalen den 12. Mäerz matzemaachen. D’Sozialwalen sinn e wichtege Pilier vun eiser Demokratie, well si alle Salariéen a Pensionéierten erlaben, hir Stëmm ofzeginn an hir Vertrieder ze bestëmmen. Domat ka jiddereen Afloss op politesch Decisiounen huelen, déi ee bei der Aarbecht an am deegleche Liewen betreffen.

Walberechtegt ass jiddereen deen zu Lëtzebuerg als Salarié schafft oder geschafft huet, egal ob en Lëtzebuerger ass oder net, egal ob en zu Lëtzebuerg wunnt oder Frontalier ass.

D’Sozialwalen bestinn aus 2 verschiddene Walen:

  • d‘Delegatiounswalen an de Betriber (vu 15 Beschäftegten un);
  • d’Wal vun der Chambre des salariés.

Mir wëllen eis hei méi konkret mat der Wal vun de Vertrieder fir d’Chambre des salariés beschäftegen, souzesoen dat lëtzebuergescht „Parlament vun der Aarbecht“.

Wat ass d‘Chambre des Salariés?

D’Chambre des salariés (CSL) ass d’Stemm vun alle Leit déi zu Lëtzebuerg schaffen, oder pensionéiert sinn. Si setzt sech zesummen aus 60 Vertrieder (https://www.csl.lu/fr/chambre-des-salaries)vun de verschiddene Beruffsgruppen, déi all 5 Joer bei de Sozialwalen gewielt ginn.

D’Chambre des salariés beschäftegt sech mat allem wat d’Aarbechtswelt betrëfft, bis hin zu de Liewenskonditiounen vun de Leit déi schaffen. An si vertrëtt dobäi aktiv d’Interessen vun deene Leit déi si gewielt hunn, also vun de Salariéen an Pensionéierten. Dat mécht si an enger ganzer Rei vu staatlechen Institutiounen. Si gëtt och hiren Avis bei alle Gesetzer déi de Beräich vun der Aarbecht betreffen (https://www.csl.lu/fr/avis-legislation), a si huet domat e staarken Afloss op d’Legislatioun zu Lëtzebuerg.

Do dernieft mécht d‘Chambre des salariés wichteg Informatiounsaarbecht (https://www.csl.lu/fr/publications-newsletters), a si këmmert sech ganz vill ëm d’Ausbildung a Weiderbildung, mat hirem eegenen Formatiounszenter LLLC.

Firwat wielen?

Et ass immens wichteg, dass méiglechst vill Leit bei der Wal vun der Chambre des salariés matmaachen, well dat hir Wichtegkeet demonstréiert, an hëlleft, de Salariéen a Pensionéierten Gehéier ze verschafen an hir Fuerderungen duerchzesetzen.
Jiddereen, deen bei der Wal matmécht, mécht also d’CSL méi staark, fir seng Interessen ze vertrieden. Wichteg Themen sinn dobäi zum Beispill :

  • Kafkraaft: D’CSL setzt sech derfir an, dass d’Kafkraaft erhale bleift. Dat betrëfft och a virun allem den Index, deen si mat alle Mëttele verdeegegt.
  • Pensiounen: D’CSL setzt sech fir Gerechtegkeet a Sécherheet bei de Pensiounen an.
  • Sozial Errongenschaften: d’CSL wiert sech géint all Sozialofbau.
  • Zukunft: d’CSL hëlleft aktiv, fir d’Leit zu Lëtzebuerg mat engem breede Formatiounsprogramm op d’Zukunft ze preparéieren.

Wéi wielen?

D’Wal fir d’Chambre des salariés ass eng Bréifwal, e sougenannten „Vote par correspondance”. Jidderee vun deenen iwwer 500.000 Walberechtegten kritt tëschent dem 21. Januar an dem 15. Februar d‘Dokumenter heemgeschéckt, fir bei der Wal matzemaachen. De Walsystem ass dobäi ganz ähnlech wéi dat wat mer vun eisen Chamberwalen kennen.

Jiddereen kann eng bestëmmt Zuel u Stëmmen verginn, ofhängeg dovun, a wéi engem Secteur hien schafft.

Am einfachsten ass et, wann een eng Lëscht wielt, andeems een de Rondel iwwert där Lëscht schwäerzt oder ukräizt. D’Lëschte ginn hei natierlech net vun de politesche Parteien, mee vun de Gewerkschaften zesummegestallt. Wann een eng Lëscht wielt, däerf een op kee Fall nach weider eenzel Stëmme ginn, soss ass de Walziedel ongëlteg.

Alternativ dozou kann een awer och eenzel Leit wielen, entweder all op enger Lëscht, oder op verschiddene Lëschten. Mee am ganzen däerf een net méi Stëmme ginn, wéi een der entstpriechend sengem Secteur zegutt huet.

Wann een de Walziedel esou ausgefëllt huet, brauch een e just an déi kleng Enveloppe ze stiechen, déi derbäi läit. Dono dann déi kleng Enveloppe an déi Enveloppe stiechen, an déi dann an eng Bréifboîte zu Lëtzebuerg oder am Ausland geheien, ouni en Timber drop ze pechen.

Et soll een dat esou séier wéi méiglech maachen, allerspéitstens den 12. Mäerz.

Méi Informatiounen iwwert d’Wal vun Chambre des salariés stinn an der Brochure, déi dir dëser Deeg an Ärer Bréifboîte fannt, an och um Internet-Site elections.csl.lu. Dodrop fannt dir ënner anerem e Video „Comment voter ?” deen Iech Schrëtt fir Schrëtt erklärt, wéi dir dat sollt maachen.

Wann dir Salarié oder Pensionéiert sidd, da maacht vun Ärem Walrecht Gebrauch a wielt Är Vertrieder fir d’Chambre des Salariés. Et ass wichteg fir d’Land a wichteg fir Iech.

All Stëmm zielt!

Back to Top
CIM LOGO