Sponsored ContentZesumme géint Hate Speech: Eng kollektiv Prioritéit

RTL Lëtzebuerg

E Wuert. E Bild. E Kommentar. Heiansdo brauch et net vill, fir eng Well vun Online-Haass auszeléisen. An enger Zäit, wou digital Plattformen eng wichteg Plaz fir sech auszedrécke sinn, verbreeden sech gewalttäteg oder diskriminéierend Aussoe méi séier wéi jee, an dacks getarnt als perséinlech Meenungen, oft ganz ouni Konsequenze fir déi Persoun derhannert. Wéi erkennt een esou Entgleisungen, wéi reagéiert een effektiv drop, a wéi verteidegt een eng verantwortungsvoll Meenungsfräiheet? Hei e Bléck op e Phänomen, dat eis all ugeet – a wou BEE SECURE mat konkrete Ressourcen an Ënnerstëtzung reagéiert, fir dass jidderee léiert, sech selwer a seng Matmënschen och online besser ze schützen.

Meenungsfräiheet: E fundamentaalt Recht, mee net ouni Grenzen

D'Meenungsfräiheet ass e wichtege Pilier vun de Mënscherechter an ee Fundament vun enger demokratescher Gesellschaft. Si garantéiert jidderengem d‘Recht, seng Iddien ze deelen – och déi, déi eventuell stéieren oder Debatten ausléise kënnen. Dëst Grondrecht ass awer net onbegrenzt. Et hält do op, wou Wierder zu Waffe ginn, Haass verbreeden oder zu Gewalt opruffen.

Dëst Spannungsverhältnis tëschent Meenungsfräiheet a mat Haass erfëllten Aussoe kënnt mat enger zentraler Fro: Wéi wäit dierf ee goen?

Haass am Netz ze bekämpfen heescht net, d'Meenungsfräiheet anzeschränken. Am Géigendeel: Et geet drëm, den ëffentleche Raum ze schützen, d'Würd vun all Mënsch ze respektéieren an eng fräi, mee verantwortlech Diskussiounskultur ze erméiglechen. D'Recht, seng Meenung ze äusseren, geet Hand an Hand mat der Pflicht, aneren net ze schueden. Online wéi och offline hunn eis Wierder Gewiicht. Et läit un eis, Wierder iwwerluecht ze wielen an Zivilcourage ze weisen, andeems ee potenziell illegal Inhalter mellt.

Wann Online-Haass zouhëlt

D'Notzung vum Internet huet de Phänomen vun der Haassried verstäerkt, dëst besonnesch a Krisenzäiten. Ob wärend der COVID-19-Pandemie, am Kontext vu weltwäite Konflikter oder bei gesellschaftleche Spannungen – Haasskommentarer verbreeden sech séier a kënnen déifgräifend Auswierkungen, virun allem fir d'Affer, hunn.

Déi ëmmer méi héich Zuel u Meldunge vu potenziell illegalem Inhalt bei der BEE SECURE Stopline weist, dass Online-Haass e bestännege Problem ass mat 124 Meldungen am Joer 2018, 292 am Joer 2020 a 448 am Joer 2024.

E gereegelt Theema

Den Internet ass en ëffentleche Raum, un deem jidderee kann deelhuelen, duerch Posts, Kommentaren oder duerch d'Deele vun Inhalter. Wéi all ëffentleche Raum ass och den Internet gesetzlech gereegelt.

Op europäeschem Niveau trëtt den Digital Services Act (DSA) a Kraaft, deen ënner anerem d'Plattforme verflicht, gezielt Moossnamen z'ergräifen, fir géint illegal Wueren, Servicer oder Inhalter am Internet virzegoen an esou déi breet Ëffentlechkeet, a besonnesch d'Mineuren, ze schützen.

Och wann et keng weltwäit eenheetlech Definitioun vun Haassried gëtt, ass dëst a Lëtzebuerg am Code pénal gereegelt. Eng Ausso ka juristesch verfollegt ginn, wann se zu Haass oder Gewalt géint eng Persoun oder e Grupp oprifft – zum Beispill wéinst Hierkonft, Geschlecht, Iwwerzeegung, sexueller Orientéierung, Behënnerung oder Relioun. Dësen Opruff muss ëffentlech sinn, z. B. mëndlech oder schrëftlech Aussoen, duerch Biller oder Affichen. Et ginn awer och Forme vun indirekter rassistescher Haassried, déi net strofbar sinn.

An anere Länner gëllen aner Gesetzer, wat virun allem online zu komplexe Situatioune féiere kann.

Einfach Moossname géint Haass am Netz

Jidderee ka géint Haass am Internet eppes ënnerhuelen. Et geet net nëmmen ëm d'Mellen, mee ëm kollektiv Empowerment – dat heescht, jidderengem d'Mëttel ze ginn, sech selwer ze schützen an anerer z'ënnerstëtzen. Wann Dir Zeien oder Affer vun Haassried sidd, recommandéiert BEE SECURE follgend Schrëtt:

  • Géige-Ried oder ignoréieren: Géige-Ried bedeit, aktiv an op Fakte baséiert géint Haassried virzegoen. Et weist anere Benotzerinnen a Benotzer, dat Haass keng Plaz huet, signaliséiert dem Auteur, dass hien net onwiddersprach bleift, a stäerkt déi Betraffen. Mee, d'Sécherheet geet vir. Heiansdo ass et besser, net ze reagéieren, fir keng weider Provokatioun erbäi ze féieren.
  • Hëllef sichen: Schwätzt mat enger Vertrauenspersoun oder kontaktéiert d'BEE SECURE Helpline (8002 1234), fir net eleng ze bleiwen.
  • Auteur blockéieren: Dir hutt d'Recht, déi betraffe Persoun ze blockéieren.
  • Inhalter mellen: Déi meescht sozial Netzwierker bidde Meldefunktiounen. Op der Plattform BEE SECURE Stopline kënnt Dir Inhalter anonym mellen. Potenziell illegal Inhalter ginn un d'Police oder un aner zoustänneg Autoritéite weidergeleet. Wichteg: D'BEE SECURE Stopline këmmert sech net ëm eenzel Fäll vu Beleidegungen, Cybermobbing, Bedruch oder Desinformatioun. Bei esou Fäll kënnt Dir Iech un d'BEE SECURE Helpline (8002 1234) wenden.
  • Plainte bei der Police maachen: Et ass wichteg, Beweiser ze sécheren (Screenshots oder Message späicheren).

E Quiz fir eng Aschätzung

Informéieren, handelen, ënnerstëtzen – jidderee kann dozou bäidroen, den Internet zu enger Plaz vu Respekt an Dialog ze maachen. Heiansdo fänkt dat mat enger einfacher Fro un: „Däerf een dat soen?“

E reflexiven Exercice bitt d'Websäit nohateonline.lu mam Quiz „Däerf een dat soen?“ un. D'Benotzer analyséiere reell Kommentaren aus sozialen Netzwierker, déi bei der BEE SECURE Stopline gemellt goufen, a mussen entscheeden, ob se als illegal Haassried gëllen.

D'Plattform bitt zousätzlech praktesch Empfeelungen, fir d'Grenze vun der Meenungsfräiheet besser ze verstoen, a verweist op stopline.bee-secure.lu wou een anonym Meldunge vu potenziell illegalen Inhalter ka maachen.

Back to Top
CIM LOGO