
De Kenianer Sabastian Sawe huet zu London Liichtathletik‑Geschicht geschriwwen, andeems hien de Marathon ënner zwou Stonne gelaf ass. Hie koum no 1 Stonn, 59 Minutten an 30 Sekonnen an d'Zil a verbessert domat de viregte Weltrekord ëm méi wéi eng Minutt. D'Course gouf bei ideale Bedéngunge gelaf.
D'Äthiopierin Tigst Assefa huet mat 2 Stonnen, 15 Minutten a 41 Sekonnen déi séierst Zäit an engem rengen Dammemarathon realiséiert.
De Sawe, 29 Joer al, huet sech no engem laangen Tête‑à‑tête mat zwee Konkurrenten um Schluss mat enger decisiver Acceleratioun ofgesat an ass eleng iwwer d'Arrivée op der Avenue Richtung Buckingham Palace gelaf. Hien huet de Moment als "en onvergiesslechen Dag" a sengem Liewen.

Och déi aner zwee Athleten um Podium hunn den ale Weltrekord vum Kiptum gebrach: den Äthiopier Yomif Kejelcha gouf Zweete mat 1:59:41, den Ugander Jacob Kiplimo Drëtte mat 2:00:28 – en historesche Podium.
Besonnesch impressionant ass d'Leeschtung vum Kejelcha, well den 28 Joer jonken Athlet ass eigentlech Spezialist am Hallefmarathon. Hien ass hei säin éischte Marathon iwwerhaapt gelaf.