De Rallye Mexiko gouf vun 24 op 21 Specialle verkierzt, well kuerzfristeg decidéiert gouf, dass um Sonndeg net méi gefuer gëtt.

Als Argumentatioun gouf gesot, et wéilt een den Teams erméiglechen, sou séier wéi méiglech heem bei hir Famillen ze kommen, well jo ëmmer méi Grenzen zougemaach ginn.

De Rallye gewonnen huet de Sébastien Ogier op Toyota Yaris, virum Ott Tänak op Hyundai i20 an dem Teemu Sunninen op Ford Fiesta.

An der Weltmeeschterschaft ass de Sébastien Ogier elo mat 62 Punkten un der Spëtzt, virum Elfyn Evans mat 54 Punkten an dem Thierry Neuville mat 42 Punkten.