De Carlos Sainz feiert mat Audi déi véiert Gesamtvictoire

Et ass den éischte Succès fir Audi, bei dëser legendärer Course.
De Spuenier Carlos Sainz a säi Bäiferer Lucas Cruz hu bei der Editioun 2024 vun der Rally Dakar zwar keng eenzeg Etapp gewonnen, haten awer um Enn d'Nues vir, dat virun allem duerch konstant gutt Resultater, ma och d'Gléck war op hirer Säit. D'Konkurrente waren dacks méi séier, ma goufen duerch futtis Pneuen, Accidenter oder technesch Problemer zeréckgeheit.
Duerch d'Victoire vum Sainz mat Audi, ass dëst elo seng 4. Victoire mat der 4. Mark. 2010 huet e mat Volkswagen gewonnen, 2018 mat Peugeot an 2020 mat X-Raid Mini.

Op Plaz zwee gëtt e bëssen iwwerraschend den Duo de Mevius/Panseri op Toyota Hilux, viru Loeb/Lurqin op Prodrive Hunter.

Top 10
01. Sainz/Cruz (Audi RS Q e-tron) - 48:15:18 Stunden
02. de Mevius/Panseri (Overdrive-Toyota Hilux) +1:20:25 Stunden
03. Loeb/Lurquin (Prodrive Hunter) +1:25:12
04. Chicherit/Winocq (Overdrive-Toyota Hilux) +1:35:59
05. Prokop/Chytka (MP-Sports Ford Raptor) +2:16:43
06. Botterill/Cummings (Toyota Hilux) +2:40:33
07. de Villiers/Murphy (Toyota Hilux) +2:50:26
08. Vanagas/Sikk (Toyota Hilux) +2:57:17
09. Moraes/Monleon (Toyota Hilux) +3:03:12
10. Serradori/Minaudier (Century CR6-T) +3:04:12
Bei de Motorrieder geet d'Gesamtvictoire un den Amerikaner Ricky Brabec op Honda. Et war no 2020 seng zweet Gesamtvictoire. Hannendru kënnt mat 11 Minutte Réckstand de Ross Branch (Hero). De Podium gëtt komplettéiert vum Andrien van Beveren, och op Honda.

Déi éischt KTM kënnt op Plaz 4 mam Kevin Benavides, virum Toby Price och op Honda.
Top 10 bei de Motorrieder
01. Ricky Brabec (Honda) - 51:39:08 Stunden
02. Ross Branch (Hero) +10:53 Minuten
03. Adrien van Beveren (Honda) +12:25
04. Kevin Benavides (KTM) +38:48
05. Toby Price (KTM) +45:28
06. Jose Ignacio Cornejo (Honda) +46:28
07. Luciano Benavides (Husqvarna) +53:31
08. Daniel Sanders (GasGas) +1:14:32
09. Stefan Svitko (KTM) +1:56:28
10. Martin Michek (KTM) 2:48:49