Mat Commentairen op Englesch kann een och dës Saison nees d'MotoGP op den digitale Plattformen RTL Play an RTL Today kucken.

Déi iwwer 20 Courssen, déi op de fënnef Kontinenter gefuer ginn, kann een och dës Saison nees op RTL, dem Exklusive Broadcast-Partner zu Lëtzebuerg, kucken.

An der selwechter Stad, wéi d'Saison 2023 op en Enn goung, start d'MotoGP dann och an déi nei Saison, dat awer mat engem komplett neien a renovéiertem Circuit. Eng weider Neierung ass de Sprit, deen d'Motorrieder tanken. Dëse besteet zu 40 Prozent aus net fossille Brennstoffer, dat fir d'Bikes an alle Klasse vum MotoGP-Zirkus.

De Grousse Präis vum Qatar kann een e Sonndeg vu 14.45 Auer un op RTL Play a bei de Kolleege vun RTL Today kucken. Dat mat der Moto3 (15h00) der Moto2 (16h15) an der MotoGP (18h00).