De Larry ten Voorde mat senger 10. Victoire

Larry ten Voorde, Schumacher CLRT (#12), Porsche Mobil 1 Supercup 2024, Imola, Italy, 2024, Porsche AG / © Porsche AG
Dëse Weekend gouf déi éischte Manche am Porsche Supercup zu Imola gefuer.
Schumacher CLRT heescht vun dëser Saison un, déi nei Ecurie vum zweemolege Champion Larry ten Voorde.
Mat hiren zwee neien erfuerene Fuerer ten Voorde a Klein, esou wéi dem Rookie-Champion Ghiretti wëlle si et Lechner Racing dëst Joer esou richteg schwéier maachen. No dëser Course um Autrodromo Enzo e Dino Ferrari liwwere si dofir och déi ideal Viraussetzungen:
Den ten Voorde ass um Samschdeg an der Qualifikatioun schonn déi séierste Ronn gefuer a konnt soumat um Sonndeg virum Harry King an dem Rookie Robert de Haan un de Start goen. Allerdéngs huet den neie Rekrutt bei Schumacher CLRT ënnert engem schlechte Start gelidden a wier scho bal vum Harry King virun der éischter Kéier iwwerholl ginn.
No enger turbulenter Startphas an engem Safetycar huet den ten Voorde sech awer du vum Harry King ofgesat a konnt domat no 14 Ronnen seng zéngte Course am Porsche Supercup gewannen. Den Harry King an de Marvin Klein komplettéieren de Podium.
Net ukomm, sinn de Rookie-Champion Ghiretti, den Italieener Simone Iaquinta an zwee vun den zéng Rookien dëst Joer, Tauscher a Jaubert.
Déi nächst Course gëtt direkt nächste Weekend zu Monaco gefuer. D'Course kënnt Dir wéi gewinnt bei eis op RTL.lu an RTL Play streamen.

Porsche 911 GT3 Cup, Schumacher CLRT (#10), Porsche Mobil 1 Supercup 2024, Imola, Italy, 2024, Porsche AG / © Porsche AG