Stall a Brand zu LeidelengPompjeeën aus 5 Zentere goufen an den Asaz geruff, fir bei de Läschaarbechten ze hëllefen

Claude Zeimetz
Wéi de CGDIS schreift, gouf kee blesséiert.
© Laurent Weber

Zu Leideleng huet et e Samschdeg géint 17 Auer an der rue Eich an engem Stall gebrannt. Et blouf beim Materialschued. Nieft der Ambulanz vu Beetebuerg waren och d'Pompjeeë vu Leideleng, Monnerech, Esch, Beetebuerg an aus der Stad, grad wéi de "groupe de sauvetage animalier" op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO