Den Hollänner huet sech bei der 2. Course zu Monaco souverän virum Harry King duerchgesat.

Den ten Voorde (Schumacher CLRT) huet sech vun Ufank un un d'Spëtzt gesat an déi Féierung net méi ofginn. Den Hollänner hat um Enn iwwer eng Sekonn Avance op den Harry King (BWT Lechner Racing).

De Keagan Masters(Ombra) gouf den 3. a war den éischte Südafrikaner op engem Supercup-Podium.

De General no 2 vun 8 Courssen

1. Larry ten Voorde (NL/Schumacher CLRT), 50 Punkten
2. Harry King (UK/BWT Lechner Racing), 40 Punkten
3. Marvin Klein (F/Schumacher CLRT), 29 Punkten
4. Keagan Masters (ZA/Ombra), 25 Punkten
5. Kas Haverkort (NL/Uniserver by Team GP Elite), 24 Punkten
6. Robert de Haan (NL/BWT Lechner Racing), 21 Punkten