D'Initialen HF si Rallyefans an Autofans bekannt, ënnert anerem vum Lancia Delta HF Integrale. Elo feiert dëse Kierzel e Comeback.

Scho méi laang lafe Rumeuren, dass Lancia nees wéilt an de Rallyesport zeréckkommen. Dëse Méindeg gouf aus dëser Rumeur dann eng Tatsaach.

Presentéiert gouf den neie Lancia Ypsilon HF, déi stäerkste Versioun vum Lancia Ypsilon. Dëse Modell kënnt am Mee 2025 op de Marché an et gëtt e just als Elektroversioun. Den HF huet dann 240 PS an de Sprint vun 0 op 100 soll a just 5,8 Sekonne geschéien, den Auto kritt en anert Fuerwierk, wouduerch e méi déif op der Strooss läit, grad ewéi méi muskuléis Karosserieformen.

Et ass dëst awer just den Ufank vun enger ganzer Serie un Autoen aus dem Haus Lancia, déi de Kierzel "HF" an Zukunft dierften an hirem Numm droen. Fir all Modell aus der Gamme soll et och eng HF-Versioun ginn. Als nächst ass et um Gamma, deen 2026 op de Marché kënnt, an dann um Delta, dee fir 2028 virgesinn ass.

Bei der Presentatioun vum Ypsilon HF gouf dann och den neie Logo "Lancia Corse HF" virgestallt, deen een dann an Zukunft um neiste Rallyeauto vu Lancia wäert gesinn: dem Lancia Ypsilon Rally4 HF.

RTL

Zeréck an de Rallyesport - ugefaange an der Rally4-Kategorie

An der Rally4-Klass kritt Lancia et mat Autoe wéi dem Ford Fiesta Rally4, dem Renault Clio Rally4, dem Peugeot 208 Rally4 oder dem Opel Corsa Rally4 ze sinn. Et ass dëst am Fong eppes wéi  d'Astigsklass an de moderne Rallyesport, woubäi déi Autoe schonn enormt Potential hunn.

De Lancia Ypsilon Rally4 HF kritt en 1,2 Liter 3-Zylinder, deen et op 212 PS bréngt. Ugedriwwe ginn déi viischt Rieder a geschalt gëtt mat enger sequentieller 5-Gang-Boîte.

Fir d'Rallyefans ass dëst sécherlech eng spannend Nouvelle, wann ee bedenkt, dass Lancia net manner wéi 10 mol konnt de Weltmeeschtertitel bei de Marke feieren, dat an de Joren 1974, 1975, 1976, 1983, 1987, 1988, 1989, 1990, 1991 an 1992.

RTL