Victoire vum Scherer-Audi, Dylan Pereira beschte Lëtzebuerger

© Romain Scheffen
Dëse Weekend war d'24-Stonne-Course um Nürburgring, bei där wéinst staarkem Niwwel awer just knapp 9 Stonne gefuer gouf.
Start war e Samschdeg de Mëtteg pénktlech um 16 Auer. E Samschdeg den Owend kuerz no 23 Auer gouf d'Course dunn awer mat engem roude Fändel ofgebrach, well ze vill Niwwel war. Déi eng Gefor dobäi ass, dass eben d'Piloten net genuch gesinn, ma den anere Problem ass, dass si d'Streckeposten eventuell net erkennen, déi wichteg Signaler mat hire Fändele ginn. Sief et fir op eng Gefor hinzeweisen, en accidentéierten Auto oder z.B. Ueleg op der Streck.
Den Niwwel war nawell zimmlech zéi an et war direkt d'Meldung, dass viru moies 7 Auer net méi géif gefuer ginn. Ma och do gouf et nach keng Entwarnung. Stonn fir Stonn gouf de Re-Start no hanne geréckelt.
Géint 13.30 Auer gouf dunn hannert dem Safety-Car d'Course nees opgeholl, ma géint 14.45 Auer war et dunn d'Meldung, dass de Start net méi fräigi gëtt. Deemno ass d'Course fréizäiteg ofgewonk ginn.
D'Victoire geet un den Audi R8 LMS GT3 evo II vu Scherer Sport PHX mat der Startnummer 16, mat Stippler / Mies / Feller / Marschall.
Plaz 2 ass fir de Porsche 911 GT3 R vu Manthey mat Vanthoor / Preining / Estre / Güven.
Déi drëtt Plaz um Podium geet un de BMW M4 GT3 vu BMW M Team RMG mat Harper / Hesse / Weerts.

© Romain Scheffen
Resultat vun de Lëtzebuerger
Plaz 21 am General geet un den Dylan Pereira, Larry Ten Voorde, Thomas Kiefer a Christer Jöns um Porsche 911 GT3 CUP vu Scherer Sport PHX. Si kommen op eng exzellent Plaz 2 an der CUP2-Klass.

© Romain Scheffen

© Romain Scheffen
Plaz 30 geet un de Steve Jans, Tobias Müller a Morris Schuring. An der CUP2-Klass ass et just Plaz 10. E Samschdeg den Owend hat de Steve Jans eng Sortie, bei där de Küler vum Cup-Porsche vu Black Falcon Team 48 Losch beschiedegt gouf. Si hate bis dohin nach Ambitiounen op eng Klassevictoire. Den Auto huet awer musse reparéiert ginn, wouduerch se 3 Ronne verluer hunn, éier se weiderfuere konnten. Deen Ament wou se nees erausgefuer sinn, gouf dunn d'Course awer wéinst dem Niwwel ofgebrach. Deemno war et net méi méiglech, sech weider no vir ze schaffen.

© Romain Scheffen
Iwwer Plaz 62 freeë sech de Yann Munhowen, Sebastian Rings, Andreas Schaflitzl a John Lee Schambony um Porsche 911 Carrera, well dat ass gläichbedeitend mat der Victoire an der V6-Klass.

© Romain Scheffen

© Romain Scheffen
PDF: Provisorescht Schlussresultat vun de 24h Nürburging 2024
PDF: Provisorescht Resultat an den eenzele Klassen