De Lëtzebuerger ass zu Buriram op d'Plazen dräi an zwee gefuer.

De Weekend war den Dylan Pereira nees am Porsche Carrera Cup Asien am Asaz. Zu Buriram stoungen zwou Courssen um Programm.

An den zwee Qualifyingen huet den Dylan Pereira probéiert, fir mat enger aggressiver Strategie op d'Pole Position ze fueren. De Versuch ass awer gescheitert. Eng Kéier huet een Zéngtel an déi aner Kéier eelef Dausendstel géintiwwer dem Leader Alessandro Ghiretti gefeelt.

Duerch d'Qualifying-Strategie huet de 27 Joer ale Lëtzebuerger an der éischter Course misse mat méi ale Pneue wéi seng Konkurrente starten. Doduerch konnt hie seng zweet Plaz hannert dem Ghiretti net halen an huet sech missen hannert dem zweete Fransous Mathys Jaubert mat der drëtter Plaz zefridde ginn.

Bei der zweeter Course konnt de Pereira dunn op nei Pneuen zeréckgräifen. Donieft konnt een den Auto nach emol verbesseren, well een duerch déi éischt Course weider Erfarunge gesammelt hat. Duerch dës Facteuren ass et dem Pereira gelongen, fir mam Ghiretti matzehalen an dësen ze iergeren. Fir d'Victoire ass et zwar net duergaangen, ma dofir awer fir déi zweet Plaz an och de Punkt fir déi séierst Ronn huet hie sech geséchert.

Am General bleift de Lëtzebuerger op der zweeter Plaz, dat hannert dem Fransous Alessandro Ghiretti.

Déi nächst Manche vum Porsche Carrera Cup Asien ass vum 5. bis de 7. Juli zu Chonburi an Thailand. Enn Juni ass den Dylan Pereira nach beim 24- Stonne-Klassiker zu Spa-Francorchamps dobäi.