Nei grouss Rivalitéit tëscht Verstappen an Norris?
Heescht déi nei grouss Rivalitéit an der Formel 1 Max Verstappen op Red Bull géint Lando Norris op McLaren?
Spéitstens zanter dem leschte Grand Prix zu Spielberg an Éisträich kéint een dat mengen.
Et war just eng Fro vun der Zäit, bis déi zwee gutt Kolleegen zu Spielberg unenee geroden. Am 64. Tour war et dunn esou wäit fir déi zwee Éischt an der Course. Fir elo awer scho vun enger Rivalitéit ze schwätzen, wéi tëscht Lauda an Hunt, Prost a Senna oder och nach Hamilton a Rosberg, ass awer vläicht nach e bëssen ze fréi, seet den RTL-Formel 1-Expert Dominique Riefstahl:
"Jo, dat do ass fir mech elo net den Ufank vun enger klassescher Rivalitéit. Dofir muss de vill méi laang d'Battle gesinn. Wat ech elo einfach gesinn ass, do sinn zwee Autoen, déi vun der Pace bësse méi no beienee sinn. Laang Zäit hat de Max elo u sech ëmmer seng Rou a konnt einfach seng Ronnen eleng dréien."
De Max Verstappen huet schonn dräi Weltmeeschtertitelen a sengem Palmarès stoen, de Lando Norris huet mat eréischt enger Grand Prix-Victoire nach villes ze beweisen:
"An zwar muss e sech etabléieren. Ech sinn net einfach aus dem Wee ze kieren. Dat Schlëmmst, wat engem Pilot ka geschéien ass, dass en d'Reputatioun huet, dass en ze vill virsiichteg ass an ze vill séier d'Dier erëm opmécht, fir nëmmen net Kontakt ze kréien."
Dat Ganzt erënnert awer schonn e bëssen un den Nico Rosberg an de Lewis Hamilton. Laang ware si ganz gutt Kolleegen, bis et dunn op an nieft der Streck ëmmer méi äiskal tëscht deenen zwee ginn ass. Fir e grousse Champion ze ginn, muss d'Frëndschaft wärend enger Kompetitioun awer an der Garage bleiwen, seet de fréiere Formel 1-Ingenieur.
"E Max Verstappen, e Lewis Hamilton, e Fernando Alonso, e Schumacher haten alleguer de Ruff, extreem aggressiv ze sinn. Wann s de si ugräifs, si klaken d'Dier zou, et ass egal, op d'Autoen aneneerennen. An entspriechend gees de dann net einfach esou iergendwann si attackéieren, mee du gees wierklech nëmmen op d'Attack, wann s de och sécher bass, dass de kanns iwwerhuelen."
Och wann et nach keng nohalteg Rivalitéit tëscht dem 26 Joer ale Verstappen an dem 24 Joer alen Norris ass, kéint et awer enk ginn. Wéi et da weidergeet, kann een de Weekend beim Grousse Präis vu Groussbritannien gesinn, wou et zu Silverstone mat der zwielefter Manche vun der Weltmeeschterschaft weidergeet.
FORMULA 1 QATAR AIRWAYS AUSTRIAN GRAND PRIX 2024
D'WM-Wäertung
De Kalenner vun der Saison 2024
