Francesco Bagnaia wënnt zu Spielberg

© AFP (Archiv)
An der MotoGP ass e Sonndeg zu Spielberg an Éisträich déi 11. vun 20. Manchë gefuer ginn.
Den zweefache MotoGP-Weltmeeschter Francesco Bagnaia (Ducati) huet e Sonndeg um Red Bull Ring zu Spielberg de Grousse Präis vun Éisträich gewonnen.
Den Italieener, dee schonn de Sprint e Samschdeg gewonnen hat, huet d'Course dominéiert a sech kloer virum Jorge Martin (Ducati-Pramac) an dem Enea Bastianini (Ducati) behaapt.
Am WM-Klassement läit de Bagnaia fënnef Punkte virum Martin an der 61 virum Bastianini.
An der Moto2 huet sech den Celestino Vietti vun enger gebrachener Hand net ophale gelooss a sech d'Victoire geséchert. Fir de KTM-Ajo-Pilot war et déi éischt Victoire zanter dem Grousse Präis vun Éisträich zejoert. Mat klorem Ofstand sinn den Alonso Lopez an den Jake Dixon op d'Éiereplaze gefuer. Leader am General bleift de Sergio Garcio, deen e Sonndeg no enger Strof net iwwer déi 14. Plaz erauskomm ass.
An der Moto3 huet sech de Leader am General David Alonso trotz enger Strof ganz knapp virum David Munoz behaapt. Drëtten ass den Daniel Holgado ginn.
Op RTL Play fannt Dir d'Courssen am Replay.
D'Resultater vun de Courssen
MotoGP
1 F. Bagnaia Ducati Lenovo Team 42:11.173
2 J. Martin Prima Pramac Racing +3.232
3 E. Bastianini Ducati Lenovo Team +7.357
4 M. Marquez Gresini Racing MotoGP +13.836
5 B. Binder Red Bull KTM Factory Racing +18.620
Moto2
1 C. Vietti Red Bull KTM Ajo 36:22.427
2 A. Lopez Sync SpeedUp +1.850
3 J. Dixon CFMOTO Inde Aspar Team +1.974
4 A. Canet Fantic Racing +2.075
5 14T. Arbolino Elf Marc VDS Racing Team +6.814
Moto3
1 D. Alonso CFMOTO Gaviota Aspar Team 33:40.607
2 D. Muñoz BOE Motorsports +0.121
3 D. Holgado Red Bull GASGAS Tech3 +0.126
4 A. Piqueras Leopard Racing +0.211
5 C. Veijer Liqui Moly Husqvarna Intact GP +0.303
De General
MotoGP
1 F. Bagnaia Ducati Lenovo Team 275
2 J. Martin Prima Pramac Racing 270
3 E. Bastianini Ducati Lenovo Team 214
Moto2
1 S. Garcia MT Helmets - MSI 162
2 A. Ogura MT Helmets - MSI 142
3 J. Roberts OnlyFans American Racing Team 130
Moto3
1 D. Alonso CFMOTO Gaviota Aspar Team 224
2 I. Ortola MT Helmets - MSI 153
3 D. Holgado Red Bull GASGAS Tech3 149