Gil Linster bei zweeter Course zu Most ausgefall
Bei der Course um Samschdeg ass de Lëtzebuerger déi véiertséierste Ronn gefuer an ass deemno um Sonndeg vun der véierter Positioun gestart.
Beim Start vun deene 400 PS staarke V8-Boliden ass de Lëtzebuerger gutt fortkomm an huet seng véiert Positioun behalen. An der zweeter Ronn gouf et schonn nees eng Full Course Yellow wéinst engem Accident tëscht zwee Autoen am Mëttelfeld. Beim Restart an der véierter Ronn huet de Schober (3) ze spéit gebremst an ass an d’Wiss gefuer. Domat huet de Lëtzebuerger sech op déi Drëtt Plaz konnte setzen.
An der siwenter Ronn huet de Capelli (5) sech konnte laanscht de Lëtzebuerger drécken. Dobäi huet hien dem Linster säi Camry berouert wat dem Toffel (34) d’Geleeënheet ginn huet, och laanscht de Lëtzebuerger ze fueren. "No dem Kontakt mam Capelli hat ech Problemer mat der Boîte a krut d’Gäng nitt méi richteg dran", sou de Gil Linster. No der Course gouf festgestallt, dass d’Steckachs vun der hënneschter Achs futti war.
An der aachter Ronn ass de Capelli no engem Verbremser an de Kies gerutscht, sou dass de Lëtzebuerger sech op der véierter Plaz erëmfonnt, a vill Drock op den Toffel (34) gemaach huet. Um Ufank vun der 14. Ronn huet de Lëtzebuerger eng Attack gestart virun der Kéier 1 an huet sech bannen nieft den Toffel gesat. Deen huet sech gewiert an huet de Linster an der Kéier 2 vun der Streck gedréckt. Bei där Aktioun ass de Lëtzebuerger duerch de Kies gefuer an huet e Platte kritt. Domat war d’Course gelaf.
Um Enn gewënnt den Doubek (7) virum De Groot (69) an dem Schober (3). Den Doubek huet elo 310 Punkten, Zweeten ass de Schober mat 261 Punkten an Drëtten den Toffel mat 254 Punkten. De Gil Linster ass mat 247 Punkten op déi véiert Plaz zeréckgefall.
"Et ass nach net verluer, well et jo duebel Punkte gi bei de Finals, mee et wäert natierlech elo schwéier ginn, dee Réckstand do opzehuelen", sot en éischter traurege Gil Linster. "Ech hunn dës Saison kee Feeler gemaach, mee sinn dräi Mol onverscholt vun der Streck gedréckt ginn, wat mech vill Punkte kascht huet", sou de Lëtzebuerger weider.