De Gil Linster huet vill Punkten op de Leader guttgemaach
Am zweete Playoff um Sonnden zu Oschersleben an Däitschland huet Gil Linster sech aus de Reiwereien erausgehalen.
Hien huet sech mam Patrick Schober #3 un der Spëtzt ofgesat. Hannendrun awer huet den Toffel #34 de Capelli #5 ëmgedréint an doduerch huet den Doubek #7 sech an d‘Wiss gedréint.
De Schober an de Linster hunn d‘Course ënner sech ausgemaach, och eng Safety-Car-Phase huet si net aus der Rou bruecht. De Leader am Klassement Martin Doubek huet batter ëm déi 10. Plaz musse kämpfen an huet dobäi de Strickler #48 vun der Pist gedréckt. Dës Aktioun gouf vun de Stewards notéiert an no der Course analyséiert.
No 18 Ronne fiert de Gil Linster hanner dem Patrick Schoner als Zweeten iwwer d‘Arrivée an alle béid maachen eng Partie Punkten op de Leader gutt. "Eng super Course fir eis. Beim Gerangel an der éischter Ronn si mer verschount bliwwen. De Schober an ech sinn déi séierste Ronne gefuer, einfach e super Gefill", sou de Lëtzebuerger no der Course.
Wann den Doubek keng Strof kritt, bleift hie mat 436 Punkte virop am General. Hannendru leien de Schober mat 403 Punkten an de Linster mat 385 Punkten.
Déi lescht Coursse vun der Saison ginn den 12. an den 13. Oktober zu Zolder an der Belsch gefuer. Och déi kënnt Dir op RTL.lu an um RTL Play am Livestream suivéieren.