Den Italieener stoung beim Grousse Präis vun der Emiglia-Romagna ganz uewen um Podium an huet och den 100. Erfolleg fir Ducati an der MotoGP gefeiert.

De Bastianini huet sech virum Jorge Martin an dem Marc Marquez duerchgesat. De Francesco Bagnaia ass gefall, wéi hien op der 3. Plaz louch an huet Punkten op de Martin am General verluer. De Martin huet do eng Avance vu 24 Punkten op de Bagnaia.

An der Moto 2 huet den Celestino Vietto ganz knapp virum Aron Canet gewonnen. Déi 3. Plaz war fir den Tony Arbolino.

Den David Alonso war an der Moto 3 net ze schloen. Hien ass um Enn virum Angel Piqueras an dem Daniel Holgado iwwer de wäisse Stréch gefuer. Well den Holgado awer eng Strof krut, huet hien eng Plaz verluer. De Collin Veijer konnt seng Plaz um Podium anhuelen.

Um RTL Play fannt Dir d'Coursse vun der MotoGP, der Moto2 an der Moto3 fir eng begrenzt Zäit am Replay.

D'Resultater vun de Courssen

MotoGP
1 E. Bastianini 41:14.653
2 J. Martin +5.002
3 M. Marquez +7.848
4 M. Bezzecchi +9.200
5 F. Morbidelli +13.601

Moto2
1 C. Vietti 35'14.240
2 A. Canet +0.029
3 T. Arbolino +1.921
4 A. Ogura +2.990
5 F. Aldeguer +4.491

Moto3
1 D. Alonso 33'53.212
2 Á. Piqueras +0.175
3 C. Veijer +0.367
4 D. Holgado +0.295
5 I. Ortola +2.963

De General

MotoGP

1 Jorge Martin 341
2 Francesco Bagnaia 317
3 Enea Bastianini 282
4 Marc Marquez 281
5 Brad Binder 165

Moto2
1 Ai Ogura 188
2 Sergio Garcia 166
3 Joe Roberts 143
4 Alonso Lopez 140
5 Fermin Aldeguer 133

Moto3
1 David Alonso 271
2 Daniel Holgado 189
3 Collin Veijer 189
4 Ivan Ortola 184
5 Angel Piqueras 118