De Jorge Martin gewënnt an Indonesien

© AFP
De Spuenier konnt seng Féierung am General mat enger dominanter Victoire weider ausbauen.
Mat enger Zäit vun 41:04.389 war de Martin beim Pertamina Grand Prix vun Indonesien dee Séiersten. De Pedro Acosta huet et op déi zweet Plaz gepackt, den italieenesche Weltmeeschter Francesco Bagnaia ass no engem schwierege Start nach den Drëtte ginn.
Am General verléiert de Bagnaia e puer Punkten op de Martin, deen elo fënnef Coursse viru Schluss eng Avance vun 21 Punkten huet. Op Plaz 3 läit weiderhin dem Bagnaia säi Landsmann an Ducati-Teamkolleeg Enea Bastianini.
An der Moto2 gouf et eng däitlech Victoire fir den Aron Canet, dee sech virum Ai Ogura an dem Alonso Lopez duerchsetze konnt. De Japaner Ogura bleift no dëser zweeter Plaz weider souveräne Leader am General, an deem de Canet op Plaz 3 spréngt.
An der Moto3 gouf et ee weidere Succès fir den David Alonso, nodeems hie sech knapp virum Adrian Fernandez an dem David Muñoz behaapt huet. Den Alonso baut seng Avance am General domat op 97 Punkten aus a kéint nächste Weekend a Japan schonn de Championstitel feieren.
D'Resultater vun de Courssen
MotoGP
1 Jorge Martin 41:04.389
2 Pedro Acosta +1.404
3 Francesco Bagnaia +5.595
4 Franco Morbidelli +6.507
5 Marco Bezzecchi +6.772
Moto2
1 Aron Canet 34:41.557
2 Ai Ogura +6.218
3 Alonso Lopez +7.613
4 Fermin Aldeguer +7.797
5 Darryn Binder +8.097
Moto3
1 David Alonso 32:57.410
2 Alonso Fernandez +0.085
3 David Muñoz +0.225
4 Angel Piqueras +0.664
5 Luca Lunetta +0.835
De General
MotoGP
1 Jorge Martin 366
2 Francesco Bagnaia 345
3 Enea Bastianini 291
4 Marc Marquez 288
5 Pedro Acosta 181
Moto2
1 Ai Ogura 208
2 Sergio Garcia 166
3 Aron Canet 156
4 Alonso Lopez 156
5 Joe Roberts 153
Moto3
1 David Alonso 296
2 Daniel Holgado 199
3 Ivan Ortola 191
4 Collin Veijer 189
5 David Muñoz 133