Duerch d'Victoire trennen de Francesco Bagnaia an de Jorge Martin am WM-Klassement elo nach 17 Punkten. 2 Coursse bleiwen nach ze fueren.

De Francesco Bagnaia (Ducati) huet an Thailand seng 8. Victoire an dëser Saison gefeiert. An der Lutte ëm de WM-Titel huet hien domat 5 Punkten op de WM-Leader Jorge Martin (Ducati) gutt gemaach. De Spuenier huet sech op der naasser Streck zu Buriram hannert dem Italiener déi zweet Plaz geséchert. De Martin huet dobäi vun enger Chute vum Marc Marquez profitéiert. De Spuenier louch op der zweeter Plaz ier hie vun enger Chute ausgebremst ginn ass a sech huet misse mat der 12. Plaz zefridde ginn. De Podium huet de Pedro Acosta (KTM) komplettéiert.

Am WM-Klassement läit de Martin bei nach zwou Courssen, déi ze fuere sinn, 17 Punkte virum Bagnaia.

An der Moto2 huet sech de Japaner Ai Ogura fréizäiteg zum Weltmeeschter gekréint, wéi hie bei der Course mat roudem Fändel, déi de Spuenier Aron Canet gewonnen huet, Zweete ginn ass.

An der Moto3 gouf et op en Neits eng Victoire fir de Weltmeeschter David Alonso. De Kolumbianer huet mat sengem 12. Succès an enger Saison een neie Rekord opgestallt.

Um RTL Play fannt Dir d'Coursse vun der MotoGP, der Moto2 an der Moto3 fir eng begrenzt Zäit am Replay.

D'Resultater vun de Courssen

MotoGP

1 Bagnaia Ducati Lenovo Team 43:38.108
2 J.  Martin Prima Pramac Racing +2.905
3 P.  Acosta Red Bull GASGAS Tech3 +3.800
4 F.  Di Giannantonio Pertamina Enduro VR46 Racing Team +4.636
5 J.  Miller Red Bull KTM Factory Racing +5.532

Moto2

1 A.  Canet Fantic Racing 32:02.751
2 A.  Ogura MT Helmets - MSI +3.684
3 M.  Ramirez OnlyFans American Racing Team +4.683
4 S.  Chantra IDEMITSU Honda Team Asia +5.799
5 D.  Moreira Italtrans Racing Team +6.172

Moto3

1 D.  Alonso CFMOTO Gaviota Aspar Team 20:29.345
2 L.  Lunetta SIC58 Squadra Corse +0.353
3 C.  Veijer Liqui Moly Husqvarna Intact GP +0.522
4 I.  Ortola MT Helmets - MSI +0.936
5 T.  Furusato Honda Team Asia +1.683

De General

MotoGP

1 J.  Martin Prima Pramac Racing 453
2 F.  Bagnaia Ducati Lenovo Team 436
3 M.  Marquez Gresini Racing MotoGP 355
4 E.  Bastianini Ducati Lenovo Team 345
5 B.  Binder Red Bull KTM Factory Racing 203

Moto2

1 A.  Ogura MT Helmets - MSI 261
2 A.  Canet Fantic Racing 201
3 S.  Garcia MT Helmets - MSI 179
4 F.  Aldeguer Beta Tools SpeedUp 175
5 M.  Gonzalez Gresini Moto2 170

Moto3

1 D.  Alonso CFMOTO Gaviota Aspar Team 371
2 D.  Holgado Red Bull GASGAS Tech3 236
3 C.  Veijer Liqui Moly Husqvarna Intact GP 225
4 I.  Ortola MT Helmets - MSI 204
5 D.  Muñoz BOE Motorsports 162