Grégoire Munster mat Héichten an Déifte beim Rallye Monte-Carlo
Beim Optakt vun der Rallye-WM huet de Grégoire Munster gewisen, wéi séier e ka sinn. No engem Accident um leschten Dag huet hien d'Arrivée awer net gesinn.
Fir de Grégoire Munster op sengem Ford Puma Rally1 war et e Rallye Monte-Carlo mat Héichten an Déiften. De Lëtzebuerger huet tëschenduerch säin Talent opblëtze gelooss an huet mat der Victoire vun enger Special Lëtzebuerger Sportgeschicht geschriwwen.
Den 1. Dag en Donneschdeg, op deem 3 Specialle gefuer goufen, huet den Equipage Munster/Louka op Plaz 7 ofgeschloss.
E Freideg de Moien huet de Lëtzebuerger Pilot op ganz schwieregem Terrain mat engem Mix aus dréchene, fiichten a liicht veräiste Stroossen säin Talent opblëtze gelooss. Hien ass mam M-Sport Ford Puma direkt zwee Mol déi zweetséierst Zäit am General gefuer. Domadder konnt hie sech am Generalklassement vun der 7. op déi 4. Plaz no vir kämpfen. E Freideg de Mëtteg gouf et dunn allerdéngs en éischte Réckschlag. De Munster huet sech e Platten agefaangen, wouduercher hien op der 8. Special bal 50 Sekonne verluer huet op d'Spëtzt. Beim Retour an de Servicepark um Owend ass de Ford Puma dunn och nach mat engem techneschen Defekt leien bliwwen an den Equipage Grégoire Munster a Louis Louka konnt net mat Zäiten zeréck zu Gap am Servicepark sinn. Doduerch krute si eng Zäitstrof vun 10 Minutten an eng gutt Placéierung am General war net méi méiglech.

© AFP
Duerch d'Zäitstrof ass de Lëtzebuerger am General esouwäit no hannen duerchgereecht ginn, datt hien e Samschdeg als éischte Pilot konnt op d'Streck goen an déi Chance huet hie genotzt. Op der éischter Special vum Dag ass him den Exploit gelongen, seng éischt Beschtzäit a senger nach jonker Karriär an der Rallye-WM ze fueren. Op der Arrivée hat hien 0,8 Sekonne Virsprong op den 8-fache Weltmeeschter Sébastien Ogier.
E Sonndeg ass dunn awer den Out komm. Als Éischte kënnen op d'Streck ze goen, sollt dem Grégoire Munster kee Gléck bréngen. Moies fréi sinn d'Temperaturen nach emol gefall an et war deels spigelglat op de Strecken. Op der 2. Special vum Dag ass esou eng glat Plaz dem Lëtzebuerger zum Verhängnes ginn. En ass iwwert déi viischt Achs mat sengem Ford Puma gerutscht, krut en Hiwwel ze paken an ass déi aner Säit sou onglécklech un d'Hale komm, dass en net méi weider fuere konnt. Domadder war de Rallye Monte-Carlo fir hien a säi Co-Pilot eng Special viru Schluss fréizäiteg eriwwer.
Nieft dem Grégoire Munster war mat sengem Brudder Charles Munster e weidere Pilot mat Lëtzebuerger Wuerzelen um Depart vum Rallye Monte-Carlo. Fir hien a säi franséische Copilot Loris Pascaud ass et um Enn déi 18. Plaz am General an an der WRC2-Wäertung klasséiert hie sech als gudde 7..

De Charles Munster am Asaz beim Rallye Monte-Carlo / © AFP
Ogier feiert 10. Victoire
D'Victoire vum Rallye Monte-Carlo huet sech de Fransous Sébastien Ogier geséchert. Fir de Fransous ass et schonn déi 10. Victoire bei senger Heemrallye. No 18 Speciallen iwwer 333,06 Kilometer an enger spannender Finall hat den Ogier eng Avance vun 18,5 Sekonnen op säi Coequipier Elfyn Evans, allebéid op Toyota GR Yaris Rally1. Drëtten ass den Adrien Fourmaux (+26 Sekonnen) bei senger Premier fir Hyundai ginn.