Dylan Pereira kritt Victoire nodréiglech oferkannt

© Guillaume Pereira
Am Kader vum F1-Weekend zu Shanghai ginn och zwou Manchë vum Porsche Carrera Cup Asia gefuer.
Mam Dylan Pereira ass och dës Saison nees e Lëtzebuerger mat dobäi.
Den Dylan Pereira ass vun der zweeter Platz an d’Course gestart. Nom Depart huet de Lëtzebuerger versicht den Enzo Trulli, de Fils vum fréieren F1 Pilot Jarno Trulli, ze iwwerhuelen. Dëst ass him net ganz gegléckt. De Pereira huet d'Kéier missten anescht huele wéi d'Konkurrenz an huet doduerch e puer Plazen agebéisst.
De Pilot vum "Team Shanghai Yonda BWT" konnt sech awer zeréck kämpfen an houng dem Trulli no e puer Tier nees am Genéck. Duerch eng Safety-Car-Phas konnt den Italiener duerchootmen, mee nom Restart huet de Pereira, mat engem aggressiven Iwwerhuelmanöver, sech laanscht den Trulli gedréckt. Reegelkonform oder net, war deen Ament nach net kloer.
Duerch e weideren Accrochage vun 2 Autoen am leschte Secteur vum Circuit gouf eng weider Safety-Car-Phas declenchéiert, wat dozou gefouert huet, dass den Dylan Pereira als éischten iwwert de Stréch vun der éischter Manche vum Porsche Carrera Cup Asia um Shanghai International Circuit gefuer ass.
D'Freed iwwert d'Victoire war awer just vu kuerzer Dauer. De Lëtzebuerger krut nämlech eng 5-Sekonne-Strof, wouduerch en op Plaz 4 zeréckgefall ass.