Johann Zarco wënnt no Wieder-Chaos zu Le Mans

© AFP
Beim Grousse Präis vu Frankräich war eleng den Depart scho wéinst de wiesselhafte Wiederkonditiounen zwee Mol ofgebrach ginn.
E Sonndeg war zu Le Mans de Grousse Präis vu Frankräich an der MotoGP. No 26 chaotesche Ronnen op engem rutschege Circuit war et de Johann Zarco, dee sech d'Victoire mat engem grousse Virsprong vu knapp 20 Sekonne virum Marc Marquez an dem Fermin Aldeguer séchere konnt.
Wéi bei der Warm-Up-Lap déi éischt Drëpsen um Circuit gefall sinn an domadder och all d'Piloten an d'Rutsche koumen, gouf den Depart vun der Course ënnerbrach. Jidderee war elo op Ree-Pneuen ënnerwee. Bei weider wiesselhaftem Wieder sollt sech d'Situatioun dann awer nach eemol änneren, wéi bei der zweeter Warm-Up-Lap e puer vun de Piloten op en neits hire Moto gewiesselt hunn, wärend anerer drop bliwwe sinn. Am Startfeld waren elo also verschidde Pneuen ze gesinn, zimmlech séier nom zweefach verluechten Depart huet awer de Gros vun de Piloten op d'Slicks gewiesselt. No 5 Ronnen huet et dann de Fabio Quartararo erwëscht, dee vun der Pole Position gestart war. An enger Kéier huet hie sech op engem naasse Circuit ee Stéck ze vill op d'Säit geluecht an dobäi d'Kontroll iwwer säi Moto verluer. D'Course war fir de Fransous op där Plaz eriwwer.
Un der Spëtzt waren elo also de Marc Marquez viru sengem Brudder Alex. Duerch neie Reen gouf awer op en neits op de Moto mat Ree-Pneue gewiesselt an de Verlaf vun der Course vum naasse Circuit beaflosst. Am Verlaf war et sou de Johann Zarco, deen am beschte mat de schwierege Konditiounen eens ginn ass a béid Bridder ageholl huet. De Fransous konnt seng Féierung un der Spëtzt op knapp 20 Sekonnen ausbauen an um Enn de Succès virum Publikum aus dem eegene Land feieren. Et war déi éischt Victoire vun engem Fransous beim franséische Grand-Prix an der MotoGP zanter 1954.
De Podium gouf vum Leader aus dem General, dem Marc Marquez, a vum Fermin Aldeguer komplettéiert. Den Alex Marquez war 5 Ronne viru Schluss nach gefall an huet domat seng Podiumsplaz aus der Hand ginn. No enger zweeter Chute kuerz drop war d'Course dann och fir hien definitiv eriwwer.
An der Moto2 gouf et virdrun zu Le Mans eng Victoire fir de Manuel Gonzalez. De Spuenier konnt sech virum Barry Baltus an dem Aron Canet behaapten.
An der Moto3 konnt sech no enger spannender Schlussphas de Jose Antonio Rueda d'Victoire zu Le Mans sécheren. De Spuenier war virum David Munoz op der Arrivée ukomm, dee vun de Kommissären wéinst aggressivem Fueren awer nodréiglech vun der zweeter Plaz hannert den Joel Kelso op déi drëtt Plaz zréckversat gouf.
D'Resultater vun de Courssen
MotoGP
1. J. Zarco 45:47.541
2. M. Marquez +19.907
3. F. Aldeguer +26.532
4. P. Acosta +29.631
5. M. Viñales +38.136
6. T. Nakagami +59.527
7. R. Fernandez +1:10.302
8. F. Di Giannantonio +1:10.363
9. L. Savadori +1:25.793
10. A. Ogura +1:26.529
Moto2
1. M. Gonzalez 35:05.439
2. B. Baltus +1.811
3. A. Canet +6.113
4. D. Moreira +6.480
5. J. Dixon +6.775
6. A. Arenas +8.026
7. F. Salac +8.681
8. C. Vietti +9.393
9. I. Ortola +12.805
10. A. Lopez +13.071
Moto3
1. J. Rueda 34:01.752
2. J. Kelso +0.636
3. D. Muñoz +0.124 (zréckversat)
4. A. Carpe +3.788
5. D. Almansa +6.001
6. T. Furusato +6.343
7. M. Quiles +6.521
8. A. Fernandez +6.876
9. L. Lunetta +7.192
10. V. Perrone +7.241
De General
MotoGP
1. M. Marquez 171
2. A. Marquez 149
3. F. Bagnaia 120
4. F. Morbidelli 85
5. F. Di Giannantonio 74
6. J. Zarco 72
7. F. Quartararo 56
8. F. Aldeguer 48
9. P. Acosta 46
10. A. Ogura 43
Moto2
1. M. Gonzalez 111
2. A. Canet 95
3. J. Dixon 77
4. B. Baltus 73
5. D. Moreira 50
6. C. Vietti 42
7. M. Ramirez 40
8. S. Agius 39
9. A. Arenas 38
10. D. Öncü 37
Moto3
1. J. Rueda 116
2. A. Piqueras 87
3. J. Kelso 77
4. A. Fernandez 61
5. T. Furusato 58
6. A. Carpe 56
7. M. Bertelle 40
8. L. Lunetta 36
9. R. Yamanaka 34
10. D. Almansa 33