No Massekarambolage gouf net méi vill gefuer, Victoire fir de Robert de Haan

© BWT Lechner Racing
De Start an déi zweete Manche vum Porsche Supercup sollt net manner dramatesch gi wéi déi vum leschte Weekend.
Direkt no der éischter Kéier si sech de Marvin Klein an de Keagan Masters net aus dem Wee komm. D’Konsequenz war eng Massekarambolage, éier et op Beau Rivage erop goung, déi aacht Fuerer gezwongen huet, hiren 911 stoen ze loossen.
Nieft den Autoen hunn och d’Bande Schued geholl, esou datt d’Stewards net nëmmen déi havaréiert Boliden hu misse raumen, mee och nach Reparaturaarbechten un der Streck hu misse virhuelen, datt ee sécher Course konnt fueren.
Esou vill Course sollt dunn awer net méi gefuer ginn: Just nach dräi Ronne goufe gefuer, déi hannert dem Safety Car, an an der Reiefolleg vum Qualifikatiounsresultat, gestart goufen.
Vill iwwerholl gouf net méi, esou datt de Pole Setter Robert de Haan (Lechner Racing) domat seng éischte Victoire am Supercup konnt feieren.
Hannert him koum den Theo Oeverhaus op Huber an d’Zil, dee mat dësem Resultat ëmmer nach Leader am Klassement bleift.
Well just dräi Ronne gezielt goufen, ass d‘50% Reegel a Kraaft getrueden, duerch déi just d’Hallschent vun de Punkte vergi goufen.
Déi nächste Course vum Porsche Supercup gëtt dann och direkt nächst Woch zu Barcelona gefuer. Wéi gewinnt kënnt Dir dës och op RTL Play suivéieren.