Virun enger laanger Summerpaus konnt sech déi zwee Pilote vu Lechner-Racing déi zwou Topppositioune sécheren.

Wéi wann d’Hëtzt fir 911-Piloten net schonn Erausfuerderung genuch gewiescht wier, gouf et um Sonndeg nach eng zousätzlech Verspéidung vu 40 Minutte wéinst engem Virfall an der Formel 2, déi virum Supercup gefuer gouf.
 
Dovun huet sech de Marvin Klein awer net beaflosse gelooss. De Routinier konnt sengem Teamkolleeg Robert de Haan déi éischt Plaz schonn an der véierter Kéieren ofhuelen.
 
Hannendru goufen et spannend Dueller mat staarken Zweekämpf, klengen Touchetten an och der enger oder anerer Pirouette an der Kéier 4.
 
Fir Lechner Racing sollt et Doheem an der Steiermark eng duebel-Victoire ginn. De Marvin Klein op der éischter Positioun an de Robert de Haan direkt hannendrun op Plaz Zwee.
 
Trotz enger hëtzeger Course sinn 29 vun 30 Autoen iwwert d’Arrivée gefuer an dat ouni Safety Car.
Den eenzege Pilot, deen de schwaarz-wäiss karéierte Fändel net gesinn huet, war de Porsche Junior Theo Oeverhaus. 
 
Domat verléiert den Däitschen seng Féierung am Championnat a fält op déi zweet Plaz zeréck.
Neie Leader am Klassement ass elo Robert de Haan.

Mat senger Victoire klëmmt de Marvin Klein no engem schwéieren Ufank an d‘Saison vun der aachter op déi drëtte Plaz.

Op Plaz Véier steet aktuell de franséische Porsche Junior Alessandro Ghiretti.
 
Déi nächst Course steet no enger méi laanger Paus de 27. Juli um Programm, wann nees um legendäre Circuit de Spa-Francorchamps gefuer gëtt.

Mir iwwerdroen dës Course och wéi gewinnt live op RTL Play.