De Spëtzereider an der MotoGP konnt sech knapp virum Bezzecchi an dem Francesco Bagnaia duerchsetzen. Den Alex Marquez hat e schwéieren Accident.

De Marc Marquez baut seng Féierung am Generalklassement duerch seng 6. Victoire an dëser Saison weider aus a profitéiert dobäi vum Out vu sengem Brudder Alex Marquez. De Marco Bezzecchi an de Francesco Bagnaia hunn de Podium am hollänneschen Assen komplettéiert. Fir de Marc Marquez war et déi insgesamt 68. Victoire an der MotoGP, woumat hie mat der Legend Giacomo Agostini gläichzitt.

De Bagnaia louch nom Start op der éischter Positioun, d'Gebridder Marquez souzen him am Genéck. Den Italieener huet sech awer séier op der drëtter Plaz erëmfonnt. Um Enn vun der fënnefter Ronn war et den Out fir den Alex Marquez. Am Kampf mam Acosta hat et geknuppt an de Marquez huet d'Kontroll iwwer säi Moto verluer. Bei dësem Stuerz huet sech de Spuenier d'lénks Hand gebrach a gouf nach e Sonndeg operéiert.

De Bezzecchi hat sech an den éischte Ronne gutt no vir geschafft an huet sech laang Zäit mam Marc Marquez ëm Plaz 1 gestridden. Hannendru konnt sech de Francesco Bagnaia géint de Pedro Acosta zur Wier setzen. Um Enn war de Marc Marquez awer de Séiersten.

An der Moto2 konnt sech de Brasilianer Diogo Moreira mat enger minimaler Avance vun 0,056 Sekonne virum Aron Canet behaapten. De Manuel Gonzalez koum op déi drëtt Plaz. Mat dësem Resultat koum de Moreira am General nees e bësse méi no un déi zwee Spuenier erun.

De José Antonio Rueda baut seng Féierung am Moto3-General weider aus. An engem Triell mam David Munoz an dem Valentin Perrone konnt sech de KTM-Fuerer mat 0,144 Sekonnen Avance virum Munoz an 0,245 Sekonne virum Perrone behaapten. Den Alvaro Carpé an den Angel Piqueras hunn duerch hir 4. respektiv 5. Plaz wichteg Punkten am Kampf ëm de Meeschtertitel leie gelooss.

Um RTL Play fannt Dir d'Coursse vun der MotoGP, der Moto2 an der Moto3 fir eng begrenzt Zäit am Replay.

D'Resultater vun de Courssen

MotoGP

1 Marquez 40:14,072
2 Bezzecchi 0,635
3 Bagnaia 2,666
4 Acosta 6,084
5 Vinales 10,124

Moto2

1 Moreira 35:24,852
2 Canet 0,056
3 Gonzalez 1,783
4 Dixon 2,364
5 Roberts 3,212

Moto3

1 Antonio Rueda 32:12,319
2 Munoz 0,144
3 Perrone 0,245
4 Carpe 1,087
5 Piqueras 1,296

De General

MotoGP

1 Marc Marquez 307
2 Alex Marquez 239
3 Francesco Bagnaia 181
4 Franco Morbidelli 139
5 Fabio Di Giannantonio 136

Moto2

1 Manuel Gonzalez 159
2 Aron Carnet 154
3 Diogo Moreira 128
4 Jake Dixon 98
5 Barry Baltus 94

Moto3

1 José Antonio Rueda 187
2 Alvaro Carpe 118
3 Angel Piqueras 117
4 Joel Kelso 100
5 Maximo Quiles 86