Ghiretti iwwerzeegt zu Spa an iwwerhëlt Spëtzt am Supercup-Klassement
De Porsche Supercup zu Spa-Francorchamps huet och dës Kéier fir spannend Motorsport-Momenter gesuergt.
Obwuel de Ree virum Start nogelooss hat, war d'Streck nach ëmmer zolidd naass, esou datt d’Renndirektioun decidéiert huet, d’Course zwou Ronnen hannert dem Safety Car ze starten.
De Fransous Alessandro Ghiretti, deen zanter dem éischten Training de Rhythmus uginn hat a sech och um Samschdeg d’Polepositioun séchere konnt, huet seng Performance och beim Depart confirméiert.
Déi ganz Course iwwer huet de Ghiretti dominéiert an ass schliisslech mat 8 Sekonne Virsprong als éischte laanscht de schwaarz-wäiss karéierte Fändel fueren. D’Kiischt um Kuch: Eng séierst Ronn, déi glat 2 Sekonne méi séier war wéi déi vum ganze Rescht vum Feld.
Hannendru goung et awer méi turbulent virun. De Robert de Haan, bis virun dëser Manche nach Leader am Klassement, huet mat aller Kraaft probéiert, laanscht de Flynt Schuring ze kommen. Seng Pneuen hu bei dëse relativ aggressiven Attacken no vir staark gelidden, esou datt de Lechner-Pilot no e puer Ronne, méi no hannen, wéi no vir huet misse kucken. Hei huet nämlech schonn den Ariel Levi op hie gelauert.
Kuerz virun der leschter Ronn koum et dann an der Schikan zu enger liichter Beréierung, wéi de Levi dem De Haan hannendra gefuer ass. Glécklecherweis ass u béide Bolide kee relevante Schued entstanen, an allebéid konnten d’Course fäerdeg fueren.
Mat senger Victoire zu Spa klëmmt de Ghiretti elo un d’Spëtzt vum Generalklassement – 6 Punkte virum De Haan. De Schuring, deen eng konstant Leeschtung gewisen huet, bleift Leader am Rookie-Klassement.
Déi nächst Course steet schonn den 3. August um Hungaroring bei Budapest um Programm. Wéi gewinnt kënnt dir d’Course live op RTL Play matverfollegen.