Yannis Weyland gëtt franséische Champion an der Klass "Junior Dragster"

De Weekend gouf zu Clastres a Frankräich déi lescht Manche vum franséischen Dragracing-Championnat gefuer.
Mat um Depart war och nees d'Lëtzebuerger Ekipp "Weyland & Sons".
De Yannis an de Loris Weyland sinn an der Klass "Junior Dragster" ugetrueden, iwwerdeem hire Papp Sam Weyland sech an der "Super Comp" huet musse mat senge Konkurrente moossen.
E Samschdeg de Moie war de Qualifying. Bei de Juniore geet et an deem Fall jo net drëm, déi séierst Zäit ze fueren, ma déi séierste Reaktiounszäit ze hunn. De Yannis koum mat 0,033 Sekonnen op Plaz 5, iwwerdeems de Loris mat 0,046 Sekonnen op Plaz 7 komm ass.


An der "Super Comp" gëtt et en Zäitindex vun 8,900 Sekonnen. De Sam Weyland ass mat 8,906 Sekonnen als Topqualifier platzéiert ginn.
Deemno war déi ganz Famill positiv fir sonndes gestëmmt, wou d'Eliminations um Programm stoungen. Allerdéngs huet et moies pénktlech um 9 Auer ugefaange mat reenen, wouduerch et net méiglech war, op Zäit ze fueren.
D'Organisateuren hunn decidéiert, aus Sécherheetsgrënn d'Course als "Rainout" ze deklaréieren an ofzebriechen. An deem Fall gëtt d'Resultat vun der Qualifikatioun geholl, fir dëst als Course ze wäerten.
Deemno konnt de Sam Weyland sech iwwert d'Victoire an der "Super Comp"-Klass freeën. Bei de Juniore war et Plaz 5 fir de Yannis a Plaz 7 fir de Loris.

Duerno huet et geheescht rechnen... well et war schliisslech déi lescht Course vum Joer. An do gouf et da Grond ze feieren an der Famill Weyland.
De Yannis Weyland gewënnt nämlech d'Junior-Dragster-Klass an däerf sech deemno elo franséische Champion nennen.
Ganz zefridden dierft och säi Brudder Loris sinn. Dëse kënnt mat sengen eréischt 9 Joer op Plaz 9 ënner 20 Piloten, déi an d'Wäertung komm sinn.
Eng weider Podiumsplaz gëtt et da fir de Papp vun deenen zwee. De Sam Weyland gëtt um Enn de gudden Drëtten an der Super Comp-Wäertung.
D'Famill Weyland huet dann elo e bëssen Zäit fir sech z'erhuelen, éier et de Weekend vum 29.-31. August um Hockenheimring virun enger grandioser Kuliss weidergeet. Net manner wéi 50.000 Spectateure gi sech hei erwaart.