De Ferrari placéiert sech virum orangen Duo Piastri an Norris. Och Aston Martin huet grouss opgetrompt. De Verstappen muss sech mat Plaz 8 zefridde ginn.

Op engem Circuit, deen ëmmer méi kal gouf, konnt de Charles Leclerc déi séierst Zäit an de Makadamm vu Budapest brennen an d'McLaren vum Oscar Piastri a Lando Norris hannert sech loossen. Et ass déi  éischt Pole Position fir Ferrari zu Budapest zënter dem Sebastian Vettel 2019  an déi éischt an dëser Saison. Den George Russell kënnt am Mercedes op Plaz 4.

Eng ganz staark Leeschtung huet och Aston Martin geliwwert. Trotz muskuläre Problemer am Réck, wéinst deenen de Spuenier e Freideg nach den Training ofsoe musst, ass de Fernando Alonso bei senger 22. Participatioun an Ungarn déi ganz Zäit vir matgefuer an dierf sech um Enn iwwer Plaz 5 freeën. De Lance Stroll kënnt just hannendrun op Plaz 6. Och Sauber confirméiert seng gutt Zäiten aus dem Fräien Training: de Gabriel Bortoleto start e Sonndeg vu Plaz 7. Just den Hülkenberg konnt déi gutt Zäite mat Plaz 19 net confirméieren.

Den Hungaroring ass a bleift kee Circuit fir Red Bull. De Max Verstappen ass just déi aachtbescht Zäit gefuer a koum sou just viru seng Markekolleege vu Racing Bull Liam Lawson an Isack Hadjar. Fir de Yuki Tsunoda ass et souguer just d'Startplaz 16, soumat kann de Japaner säi positiivt Resultat vu Spa mat Plaz 7 net confirméieren.

Wärend de Charles Leclerc am Ferrari vu ganz vir starte wäert, war de Lewis Hamilton mat senger 13. Plaz iwwerhaapt net zefridden. Et war déi véiert Kéier, dass de Rekordweltmeeschter dës Saison net an de Q3 koum. Ausserdeem mussten de Kimi Antonelli, den Oliver Bearman, de Carlos Sainz an de Franco Colapinto d'Seegele sträichen.

Nieft dem Tsunoda an dem Hülkenberg goufen och de Pierre Gasly, den Esteban Ocon an den Alexander Albon am Q1 eliminéiert.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 LENOVO HUNGARIAN GRAND PRIX 2025

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2025