
1976 war d'Lella Lombardi déi lescht Fra, déi bei enger Formel-1-Course un den Depart gaangen ass. Zanterhier huet sech awer sou munches gedoen: an de leschte Jore gesäit een nees eng ganz Rei jonk an talentéiert Pilotinnen déi bei Ecurien am Simulator setzen oder Entwecklungsarbescht iwwerhuelen oder an anderen Serien am Motosport.
An der Formel-1 waren ënnert anerem Simona de Silvestro 2014 an d’Tatiana Calderon 2018 bei Sauber am Asaz. Och e bekannten Numm ass d’ Carmen Jorda. Spuenierun huet 2015 Kombi vun Lotus ugedoen.
Dono sinn Nimm wei d'Jamie Chadwick bei Williams, d'Jessica Hawkins bei Aston Martin oder d'Doriane Pin bei Mercedes an der Formel 1 opgedaucht.
D'Maria Teresa de Filippis ass déi éischte Fra, déi jee bei engem Formel-1-Weekend matgefuer ass.
D'Italieenerin hat beim Monaco Grand Prix 1958 an engem Maserati 250F hire éischten Optrëtt an der Formel 1. De Maserati 250F ass de selwechten Autosmodell, mat deem och déi grouss Motosport-Talenter Juan Manuel Fangio, Alberto Ascari a Jack Brabham gefuer sinn.
Qualifizéiert huet si sech awer eréischt beim Grand Prix vun der Belsch am selwechte Joer, wou si op der zéngter Plaz an d'Course gaangen an op der 10. Plaz iwwer d'Arrivée gefuer ass. Kuriéis gouf et beim franséische Grand Prix, wou si net huet dierfen untrieden. Den deemolege Course-Direkter sot: "den eenzegen Helm, deen eng Fra sollt undoen, ass dee beim Coiffeur"
Insgesamt hat si u 5 Grand-Prix-Weekender deelgeholl an ass bei 3 Coursë gestart. Deemools ware Qualifikatiounskrittäre wéinst de villen Autoen an der Grille de Départ nach anerer.
1959 huet si mat hirer Karriär am Rennsport opgehalen. De Grond: e gudde Frënd vun hir, de Fransous Jean Behra, war bei enger Course ëm d'Liewe komm.
2016 ass si mat 89 Joer gestuerwen, mee hiren Impakt op d'Fraen am Motorsport bleift fir ëmmer bestoen.
Maria Grazia "Lella" Lombardi ass bis haut déi eenzeg Fra, déi bei enger Formel-1-Course an d'Punkte gefuer ass an déi lescht Fra, déi bei enger offizieller Formel-1-Meeschterschaftscourse matgefuer ass.
Hir Léift fir de Motorsport hat si bei hirem éischte Beruff entdeckt, wou si de Liwwerwon vun der Famill, déi eng Metzlerei hat, gefuer ass. Déi éischt Course ass si 1965 an der Formula Monza gefuer.
1974 beim brittesche Grand Prix gouf et eng Première fir d'Lella Lombardi. Fir déi éischte Kéier hat d'Italieenerin un engem Formel-1-Weekend deelgeholl, konnt sech awer net fir d'Course qualifizéieren. Ugetrueden ass si mat engem vu Radio Lëtzebuerg gesponserte Brabham, mat der Nummer 208, sou wei d'Frequenz-Well vum deemolege Lëtzebuerger Radio. Mat der Nummer 208 huet si déi héchsten Autosnummer vun der Formel-1-Geschicht.
1975, beim südafrikanesche Grand Prix ass si déi zweete Fra an der Motorsport-Geschicht ginn, déi sech fir eng Formel-1-Course qualifizéiere konnt.
Hire grousse Moment koum nëmmen eng Woch méi spéit beim Spuenesche Grand Prix. Wéinst engem Accident gouf d'Course ofgebrach. Dowéinst goufen all Punkten duerch zwee gedeelt. Mat hirer Placéierung krut d'Lella Lombardi op der 6. Plaz, 0,5 Punkten. Déi éischte Punkten deemno fir eng Fra an der F1.
Am ganzen huet d'Lella Lombardi 17 Mol un engem Formel-1-Weekend deelgeholl an 13 Mol konnt si sech fir d'Course qualifizéieren.
No 3 Saisonen huet si 1976, beim brittesche Grand Prix, an der Formel 1 opgehalen. Si huet de Motorsport awer ni ganz verlooss, ier d'Italieenerin 1988 wéinst gesondheetleche Problemer de Kask un den Nol gehaangen huet.
Am selwechte Joer huet si hier eegen Ekipp "Lombardi Autosport" gegrënnt. Vill dovunner konnt si awer leider net mat erliewen. Den 3. Mäerz 1992 ass d'Lella Lombardi mat 50 Joer u Broschtkriibs gestuerwen.
D'Brittin Divina Galica, déi drëtt Fra an der Formel 1, huet dës Woch hiren 82. Gebuertsdag gefeiert.
D'Divina Galica war, éier si iwwerhaapt an de Motorsport komm ass, schonn op dräi Wanterolmypiaden am Slalom an am Ski Alpin am Asaz a gouf eng vun de beschte britteschen Alpin-Schifuererinnen.
Hiert Talent am Motorsport hat si bei enger brittescher Promi-Course entdeckt a war duerno 30 Joer am Rennsport aktiv.
D'Divina Galica hat hire Formel-1-Optakt mat der ongewinnter Nummer 13 beim brittesche Grand Prix 1976. Eng Nummer, déi normalerweis Ongléck bréngt. Esou sollt et och kommen: Fir d'Course konnt d'Galica sech net qualifizéieren. Dëst war den eenzege Grand Prix, un deem zwou Frae gläichzäiteg deelgeholl hunn.
1978 hat si nach zwee weider Optrëtter beim argentineschen a brasilianesche Grand Prix, wou si sech awer och net qualifizéiere konnt. D'Divina Galica ass no der Formel 1 nach weider a verschiddene Formel-Coursse matgefuer.
Déi südafrikanesch Desiré Wilson huet 1980 un engem eenzege Formel-1-Weekend deelgeholl. An zwar beim Grand Prix vu Groussbritannien, fir dee si sech awer net qualifizéiere konnt.
D'Desiré Wilson wär 1981 beim Grand Prix vu Südafrika déi 3. Fra, déi bei enger Formel-1-Course matgefuer wier. D'Course gouf awer wéinst dem Streit tëschent der FISA an der FOCA, den zwou zu där Zäit representativen Organisatioune vun der Formel 1, net méi als Meeschterschaft-Course unerkannt.
Allerdéngs ass d'Desiré Wilson déi éischt Fra, déi eng Formel-Course gewanne konnt. Si huet bei der brittescher Aurora-F1-Meeschterschaft d'Course um Circuit "Brands Hatch" triumphéiert.
Fir d'Südafrikanerin ze éieren, gouf eng Tribün um Circuit no hir benannt.
D'Italieenerin Giovanna Amati ass an engem räiche Milieu opgewuess a war virun dem Motorsport schonn dacks an der Press. 1978 gouf si fir 75 Deeg entféiert an d'Léisegeld waren 800 Millioune Lira.
D'Giovanna Amati war vun 1992 - 2014 an zanter 1980 déi éischt Fra a gläichzäiteg och lescht weiblech Pilotin, déi un engem Formel-1-Grand-Prix-Weekend deelgeholl huet.
D'Italieenerin hat hiren Optakt mat der Ecurie Brabham beim südafrikanesche Grand Prix a war och beim mexikaneschen a beim brasilianesche Grand Prix dobäi. Qualifizéiere konnt si sech awer ni. Brabham hat sech entscheet, si duerch de Damon Hill ze ersetzen, deen 1996 Weltmeeschter ginn ass.
Succèse konnt si duerno an anere Serie feieren.
D'Susie Wolff ass hautdesdaags eng vun de bekanntste Fraen am Motorsport. Natierlech duerch hiren eegene Succès, mee och duerch hire Mann, de Mercedes-Teamchef, Toto Wolff.
2012 ass d'Susie Wolff Nowuess-Pilotin bei Williams ginn. Si war déi éischt weiblech Nowuess-Pilotin an huet d'Dier fir eng nei Generatioun vu jonke Fraen am Motorsport opgemaach.
2014 hat si dann hiren historesche Moment. D'Susie Wolff war déi éischt Fra, déi zanter 22 Joer rëm bei engem Formel-1-Weekend dobäi war. Si war beim brittesche Grand Prix an engem Williams fir déi éischte Kéier an der Trainingssessioun gefuer, misst awer wéinst mechanesche Problemer schonn no enger Ronn ophalen.
Mei Gléck hat si awer beim däitsche Grand Prix, wou si de fräien Training op der 15. Plaz ofschléisse konnt. Dat nëmmen zwee Zéngtel hannert dem vill méi erfuerene Coequipier, Felipe Massa.
2015 ass si fir Williams dann déi offiziell Test-Pilotin ginn. Als professionell Pilotin huet si 2015 mat hirer Karriär opgehalen. Zanter 2023 geréiert d'Susie Wolf d'F1 Academy. Déi éischte ganz weiblech Monoplace-Motorsport-Serie, mat der Intentioun, jonke Fraen a Meedercher eng Chance ze ginn, op héijem Niveau ze fueren. Déi Coursse ginn och all am Kader vun engem F1-Weekend gefuer fir dës Serie nach méi en Evidence ze setzen.
D'Maria de Villota ass 2012 fir de Marussia F1 Team Test-Pilotin ginn.
Déi éischte Kéier, wou d'Spuenierin am Auto souz, ass si direkt an engem schlëmmen Accident verwéckelt gewiescht. Mat ongeféier 50 km/h ass den Auto an e Camion, deen an der Boxegaass stoung, gerannt. 2015 koum eraus, datt d'Villota net richteg erkläert krut wéi den "Anti-stall system" géif funktionéieren, deen dozou gefouert hat, datt si deemools net komplett stoe bleiwe konnt.
Maria de Villota huet beim Accident hiert rietst A verluer. No 17 Deeg konnt si d'Klinik verloossen, hat awer laang neurologesch Problemer.
Mat nëmme 34 Joer ass d'Maria de Villota an engem Hotelzëmmer un engem Häerzstëllstand gestuerwen, ausgeléist duerch déi schlëmm neurologesch Blessuren nom Accident.
Fir d'Maria de Villota ze éieren, gouf d'Organisatioun "Legado Maria de Villota" gegrënnt. Si hëllefe kranke Mënschen a virun allem Kanner, no enger schwéierer Krankheet nees zréck an d'Liewen ze fannen.
Groussen Impakt hat si op de Williams-Pilot Carlos Sainz. Si war säi Mentor an seng éischt Trainerin am Motorsport. Fir si an hire "First Star"-Projet ze éieren, dréit hien zanter 2014 ee roude Stär op sengem Helm.