Et war dem Spuenier seng 71. Victoire an der MotoGP. De Podium komplettéieren de Fermin Aldeguer an de Marco Bezzecchi.

Beim Grousse Präis vun Éisträich, den 1000. GP an der MotoGP Geschicht, feiert de Marc Marquez net nëmmen seng 8. Victoire an dëser Saison, mee et war fir de Spuenier och seng 1. Victoire zu Spielberg iwwerhaapt.

10 Ronne viru Schluss huet de Marc Marquez d'Féierung iwwerholl. De Marco Bezzecchi, bis dohin éischten an der Course, huet sech mat Hand a Féiss gewiert, konnt um Enn awer näischt méi dogéint setzen. 5 Ronne méi spéit huet den Italieener dunn och nach de Fermin Aldeguer misse laanscht zéie loossen, deen zu dësem Zäitpunkt de Séierste Fuerer am Feld war. Fir d'Plaz ganz uewen um Podium sollt et awer net mei duer goen. Domat feiert de Marc Marquez eng weider Victoire, virum Fermin Aldeguer an dem Marco Bezzecchi. De Francesco Bagnaia fiert just op déi 8. Plaz.

Am WM-General leit de Marc Marquez elo mat fulminanten 142 Punkte viru sengem Brudder Alex Marquez, deen zu Spielberg just op déi 10. Plaz gefuer ass.

An der Moto 2 huet de WM-Leader Manuel Gonzalez no technesche Problemer fréizäiteg missen opginn. Gewonnen huet zu Spielberg den Diogo Moreira. De Podium gouf vum Daniel Holgado an dem Celestino Vietti komplettéiert.

Den MSI-KTM-Pilot Angel Piqueras huet d'Course an der Moto 3 gewonnen. Op d'Plazen 2 an 3 klasséieren sech de Ryusei Yamanaka an den David Munoz. Leader am General ass de Jose Antonio Rueda.

Um RTL Play fannt Dir d'Coursse vun der MotoGP, der Moto2 an der Moto3 fir eng begrenzt Zäit am Replay.

D'Resultater vun de Courssen

MotoGP
1. Marc Marquez Ducati Lenovo Team 42:11.00
2. Fermin Aldegue Bk8 Gresini Racing +1.118
3. Marco Bezzecchi Aprilia Racing +3.426

Moto2
1. Diogo Moreira Italtrans Racing Team  36:05.20
2. Daniel Holgado CFMOTO Inde Aspar Team +2.375
3. Celestino Vietti  SYNC Speedrs Team +5.351

Moto3
1. Angel Piqueras Frinsa - MT Helmets - MSI 33:36.51 
2. Ryusei Yamanaka Frinsa - MT Helmets - MSI +0.096
3. David Muñoz Liqui Moly Dynavolt Intact GP + 0.171

De General

MotoGP
1. Marc Marquez 418
2. Alex Marquez 276
3. Francesco Bagnaia 221

Moto2
1. Manuel Gonzalez 188
2. Aron Canet 169
3. Diogo Moreira 153

Moto3
1. Jose Antonio Rueda 239
2. Angel Piqueras 168
3. David Muñoz 139