De Weekend vum 5. a 6. September start d'Lëtzebuerger Team 48 Losch Motorsport by Black Falcon zu Spa beim Michelin 992 Endurance Cup.

Dës Course gouf vu Creventic a Porsche Motorsport an d'Liewe geruff a gëllt als Highlight vun der Saison fir Porsche-GT3-Cup-Autoen.

Kloert Zil ass et, d'Victoire aus dem Joer 2024 ze widderhuelen, esou de Responsabele vum Team 48 Losch Motorsport, de Frédéric Wantzenrieder. Dofir huet een dann och en immens staarke Pilote-Quartett zesummegesat, fir dass um Enn de Lëtzebuerger Fändel ganz uewen um Podium ze gesinn ass.

Nieft dem Gewënner vun der Porsche Endurance Trophy Nürburgring vun 2024, dem Tobias Müller, deen och dës Saison an der NLS um Cup-Auto vu Losch fiert, kënnt nach de Schwäizer Profi Gabriele Piana an den Asaz. Ma och zwee Lëtzebuerger Pilote wäerten um spektakuläre Circuit an den Ardennen hir séier Ronnen dréien, an déi wëssen och scho wéi et sech uspiert ze gewannen. De Carlos Rivas gehéiert genee esou zu de Piloten, déi hir Klass bei der 24-Stonne-Course um Nürburgring gewonnen hunn, wéi den Dylan Pereira, dee fir dës 12-Stonne-Couse zeréck am Auto vun 48 Losch Motorsport by Black Falcon sëtzt.

RTL

Bei der 24-Stonne-Course um Nürburgring konnt een am Juni eng Klassevictoire feieren.

Dobäi kënnt, dass den Dylan Pereira de leschte Weekend d'24-Stonne-Course vun Zolder gewanne konnt, dat och op engem Porsche 992 GT3 Cup.

D'Viraussetzunge fir en Top-Resultat sinn deemno ginn.

En Donneschdeg 4. September geet et scho lass mat den Testfaarten. De Qualifying ass e Freideg vu 15.25 Auer un, dat opgedeelt op 3 verschidde Sessiounen, plus nach den Top10-Shoot-Out.

En Nuetstraining ass da vun 20.50 Auer bis 21.50 Auer ugesat.

E Samschdeg de Moien um 9.45 Auer ass dann de Start vun der 12-Stonne-Course.

De komplette Programm vun der Course, grad ewéi d'Iwwersiicht vun den Teams fannt Dir op https://992-endurance-cup.com.

RTL